Et geet lues a lues dem Enn zou ....

No Tortuguero fuere mir d'Küst erof op Puerto Viejo, Manzanilla an Cahuita. Typesches Karibik Flair. Hei treffe mir eis dann fir d'lescht mam Janette, Kari a Ruedi. Déi bleiwen hei a Costa Rica bis am Januar 2021 de Schluss vun der Panamericana gefuer gëtt, wann et da méiglech ass. Et ass fir mech e ganz schwéieren Abschied no esou laanger Zäit.

Zu Puerto Viejo hu mir och nach d'Isabelle gesi wat eise Guide war a Südafrika 2015. Hat wunnt zënter dräi Joeer hei. D'Welt ass awer kleng!!

Eist d'Schëff ass konfirméiert fir den 10ten August an den 3te musse mir de Camper ofginn am Zoll zu Limon.

Puerto Viejo.
Puerto Viejo.
Schéin Zäit mam Isabelle
Schéin Zäit mam Isabelle
Déi leschte Jassronn!!
Déi leschte Jassronn!!
Relax zu Manzanillo.
Relax zu Manzanillo.

Relax zu Manzanillo.

Ëmmer e Brëllaf irgendwou.
Ëmmer e Brëllaf irgendwou.

Relax zu Manzanillo.


Relax zu Manzanillo.

Cahuita.
Cahuita.
E bëssche Chance hat ech hei. Morphoschmetterling.
E bëssche Chance hat ech hei. Morphoschmetterling.
Méi cool geet net!!
Méi cool geet net!!
Walda a Walti. Elo 6 Woche mat hinnen on Tour
Walda a Walti. Elo 6 Woche mat hinnen on Tour

Cahuita.

Aller-aller-allerleschte Moment wou mir zesumme sinn .... "Die glorreichen Sieben" huet de Kari gemengt.

Ab dem 2ten August si mir am Hotel Playa Bonita. Dee leit nëmmen e puer Kilometer niewend Limón an dem Hafe « Moin » wou eis Camper verluede ginn. Et ass kee RORO Schëff (Roll on/Roll off) mee e Frachter dee virun allem mat Container belueden ass. De Camper gëtt op engem Flatrack op d’Schëff gelueden. Dat heescht e gëtt op eng Plattform gesat an op d’Schëff gehuewen. Wuel dass Panama nach seng Grenzen net op mëscht war dat déi eenzeg Léisung fir de Camper zréck an Europa ze kréien.

Hei verbrénge mir nach e puer schéiner Deeg op der karibescher Säit vu Costa Rica!

Hei steet en elo am "Almacen Fiscal" (Zoll) bis en de 9ten opgeluede gëtt.

Ech wäert mech nach emol melle bis mir dat gaaschtfrëndlecht Costa Rica, wat mir an engem Ausnamezoustand awer bereese konnten, definitiv verloossen.

Gutt fest gemaach um Flatrack.

Nodeems mir eis Camper am "Almacen fiscal" ofginn hu musse mir waarde bis d'Pabeiere fäerdeg si vir ze Verschëffen. Mir hunn dofir en Agent mat engem Iwwersetzer engagéiert deen eis dat alles soll präparéieren. Et muss een och net verstoe firwat dat bal eng Woch dauert. Freides kënne mir dann dobäi si wann d'Camper op de Flatrack gesat ginn. Sonndes sinn se du verluede ginn. Moies heescht et dir musst an den Hafe fir déi lescht Kontroll um 7:00!!! Kënnt jo sinn dass mir wëllen eppes schmuggelen. Mir waren, als Europäer, natierlech pünktlech. Hei geet dat awer net esou genau a si koumen da géint 9:30. Ëm 14:00 waren all Camper gutt verstaut wéi dir op de Fotoe kënnt gesinn.

Um Wee an den Hafen....

Déi lescht Kontroll...

Mir hu net dierfen an den Hafe konnten awer vu wäitem kucken...Filmen...a Fotoe maachen!

Gutt verstoppt.

Dëse Kolibri huet eis d'Waarde verschéinert!

Elo si mir ganz entspaant a verbréngen déi lescht Woch hei op der Playa Bonita mat herrleche Wellen a gudder Ambiance mat deenen déi mat eis de 15ten August op Frankfurt fléien. Och kënne mir dem Walda säi ronne Gebuertsdag (60Joer) feieren den 11ten August.

Mir fléie vu Frankfurt direkt weider an Holland a Richtung Vlissingen a verbréngen nach 10 Deeg do an zu Knokke bis de Camper dann definitiv ukënnt de 26ten August.

Da geet et iwwert de Landwee Heem. Op mir a Quarantän mussen ass nach net sécher well mir jo da scho bal zwou Wochen an Holland verbruecht hunn. Mir wäerten dat nach gewuer ginn a mellen eis wa mir kënne mat iech all a KLENGE Gruppen zesummen eng gutt Lëtzebuerger Kippi drénken.

Einfach staark!
Einfach staark!
An e Fauldéier konnte mir och nach gesinn.
An e Fauldéier konnte mir och nach gesinn.
D'Walda ass happy.
D'Walda ass happy.

Déi leschte News aus Costa Rica vun der Playa Bonita! Ciao 😍😎