Färoe - Island Nordosten

E klenge Virgeschmaach wéi et an Island ausgesäit .... Natur puer!! 

Um Wee fir dohi maache mir awer nach e Stopp op de Färoe Inselen. Wa mir dann do däerfen u Land goe wuel dass dat nach ëmmer Dänemark ass! Mee dat gesitt dir da wa mir bis do sinn. Den 5te Juni geet et lass mam Ferry vun Hirtshals a Richtung Island. 

Schéine Camping an Dänemark

Freides Moies si mir ganz fréi fortgefuer fir riicht duerch an Dänemark ze fueren an do ze schlofen. Eis Tester si negativ a mir sinn allen zwee geimpft. Dat huet awer keen interesséiert ! Um leschte Wee fir op Hirtstals wou de Ferry fortgeet ass eis nach e Malheur geschitt. Duerch d’Wackele vum Camper beim fueren ass e Kuef an der Dusch widder de Krunn komm an d’ganz Waasser ass an Dusch an an de Camper gelaf. Mir hunn et eréischt am Hafe gemierkt well d’Teppecher komplett naass waren. 100 Liter ass net näicht !!

Virun dass mir op de Ferry däerfe fueren ass nach emol en PCR Test gemaach gi vum Personal. All Passagéier um Schëff ware negativ.

D’Iwwerfaart war immens roueg mat vill Sonn, Wolleken a Wand. Den éischten Dag op de Färöer Inselen ass leider mat Reen ugaang deen sech am Laf vum Dag awer verzunn huet. Hei brauch een och keng Mask ze droen a vum Covid mierke mir praktesch näischt. Si si ganz entspaant.

Et ass landschaftlech immens schéin an erënnert eis u Schottland.

Den éischten Dag geet eise Wee vun Torshavn Richtung Fuglafjordur weider op d’Insel Eysturoy a bis erop bei déi zwee Fielsen de Risin an de Kellingin virun der Nordküst Eysturoys. Um Wee weider op d’Haaptinsel Streymoy begéine mir praktesch kengen Touristen.

Si sinn iwwerall.
Si sinn iwwerall.
A gudder Gesellschaft um Schëff ...
A gudder Gesellschaft um Schëff ...

Si sinn iwwerall.

Bei all Hafe gluckst mäin Härz!
Bei all Hafe gluckst mäin Härz!
Zimlech eleng.
Zimlech eleng.

De Risin an de Kellingin.

Owens hu mir och nach missen eis Träppche fir an de Camper ofmontéiere well mir en décke Stee kritt hunn deen d’Strooss markéiert huet. Den Alarm war blockéiert a mir hunn net gemierkt dass se nach dobausse war beim fueren. De Moment hu mir keng Chance.

Mir schlofen op engem Parking an de Bierger an erwësche mat déckem Niwwel an enorme Wand. Trotzdeem ass d’Landschaft immens schéin. Mir fueren op d’Insel Vagar a kommen Owes zréck op Torshavn.

De leschten Dag fuere mir nach an dat eelsten Duerf Kirkjubour. Hei steet och déi eelste Kierch (aus der Wikingerzäit) vun de Färöer Inselen déi och nach a Betrib ass. Och kënne mir nach d’Iwwerreschter vun enger Kathedral vun 1330-1340 gesinn. Um 18 :00 huele mir de Ferry fir an Island.

Engk Stroossen.
Engk Stroossen.
Kleng Kelleren!
Kleng Kelleren!
Vill Niwwel!
Vill Niwwel!
Deichter Tunnelen.
Deichter Tunnelen.
An ëmmer schéin!
An ëmmer schéin!
Kathedral 1330-1340
Kathedral 1330-1340

Kathedral 1330-1340

Hei déi eelste Kierch
Hei déi eelste Kierch
Kirkjubur
Kirkjubur

Kathedral 1330-1340

D'Iwwerfaart mat der Smyril Line war ganz roueg an um 8:30 si mir zu Seydisfjördur ukomm. Et huet e bëssche gedauert bis mir konnten areesen ...... sidd dir geimpft? hutt dir en negativen Test? hutt dir e Barcode fir eran? wéi laang bleift dir? hutt dir en Ticket fir zréck?

Mir haten alles richteg gemaach an hunn däerfe weiderfueren. Eis éischt Route ass iwwert de Bierg gaange wou nach immens vill Schnéi läit. No enger Zäit ass d'Strooss och op eng Gravelroad iwwergaangen. War eng zimmlech tricky Geschicht well et och nach op 700 Meter erop goung mat enger Steigung vu 15%, eng Kéier un der aner an ech si gefuer!! War awer derwäert!!

De Gulufoss, den éischten Waasserfall
De Gulufoss, den éischten Waasserfall
Uewen um Pass!!
Uewen um Pass!!
Gravelroad mat Schnéi!
Gravelroad mat Schnéi!

De Gulufoss, den éischten Waasserfall

Vopnafjördur (Camping)
Vopnafjördur (Camping)

De Wand ass haut (11te Juni) extrem staark a mir hunn dat Gefill mir wären a Patagonien ënnerwee esou Wandstéiss kréie mir ze spieren. Temperatur ännert ganz schnell vun nach just 7 bis 0,5 Grad a Schnéi. Dofir awer nees vill schéi Saachen erlieft a gesinn.

Si haten all Angscht ...
Si haten all Angscht ...
Bustarfell Musée, bis zu 50 Leit hunn hei gewunnt.
Bustarfell Musée, bis zu 50 Leit hunn hei gewunnt.

Si haten all Angscht ...


Si haten all Angscht ...

Den Dettifoss, gréisste Waasserfall vun Europa!
Den Dettifoss, gréisste Waasserfall vun Europa!

Zu Myvath (12.06.2021) hu mir eng flott Wanderung gemaach bei d’Gate of Dimmuborgir. Am Nomëtteg geet et weider op Husavik, eng léif Stad wou mir fläicht kënnen d’Wale kucke goen.

Gate of Dimmuborgir.

Idem.

Alles Lava ....
Alles Lava ....
De Myvath Séi
De Myvath Séi
Am Hafe vun Husavik.
Am Hafe vun Husavik.
Vue op Husavik.
Vue op Husavik.
Op de Campinger ass net vill lass!
Op de Campinger ass net vill lass!

Sonndes verbrénge mir e gemittlechen Dag zu Husavik am Hafen a ginn de Walmusée kucken dee ganz interessant ass.

Weider geet et deelweis op der Route no. 1 bis op Dalvik mat Tëschestopp beim Waasserfall Godafoss. D'Stad Akureyri an dat klengt Duerf Hauganes wou Whale Watching gemaach gëtt läit och op eisem Wee.

De Godafoss
De Godafoss
D'Stoppluuchte sinn nawell echt.
D'Stoppluuchte sinn nawell echt.
Modern Kierch zu Dalvik.
Modern Kierch zu Dalvik.
D'Bierger sinn einfach schéin!
D'Bierger sinn einfach schéin!
Hafe vun Hauganes.
Hafe vun Hauganes.

Den «Arctic Coast Way » dee mir elo schonn eng Woch fueren ass eindach immens schéin. Haut war och nach formidabel Fotowieder !! Mee kuckt selwer …… 

Grävelroad war och nees dobäi ...
Grävelroad war och nees dobäi ...
Twëschestopp zu Siglufjördur.
Twëschestopp zu Siglufjördur.

Twëschestopp zu Siglufjördur.

Wou och den Heringsmusée ass.
Wou och den Heringsmusée ass.
Zu Saudarkrokur ass d'Héichbuerg vun den is. Päerd.
Zu Saudarkrokur ass d'Héichbuerg vun den is. Päerd.
An déi ginn ech gär Muer kucken!!!
An déi ginn ech gär Muer kucken!!!