Nordwesten a Westfjorden

Hot pot.

De Jang huet nach eng Plaz entdeckt vu wou ee ka bei ee Fiels (Drangey) mat de Puffins schipperen. Hei ass och e Camping mat « hot pot ». Maachen ech bestëmmt eng kéier …. awer net haut !!  Leider fueren och keng Booter méi vun hei aus op Drangey, duerfir hu mir awer eng flott Kosettche mat der Madamm vum « Hot pot Camping ».

Um Wee op Blönduos maache mir nach e Stopp zu Glaumbaer wou ee kann 13 matenee verbonnen Haiser aus dem 18. a 19. Joerhonnert  besichen.

Vue vum Camping.
Vue vum Camping.

Vue vum Camping.


Vue vum Camping.


Vue vum Camping.


Vue vum Camping.

Hei begéint een och Leit!

Vu Blönduos bis op Hvammstangi geet et just iwwert No. 1 an dat ass eis ze langweileg. Den Ofstiecher an den Dall « Vatnsdalur » ass zwar gravelroad mee immens schéin. Aus Zoufall kënne mir och nach zu Pingeyrar d’Kierch kucken aus dem 1864-1877 déi aus Stee gebaut ass. D’Guidin erzielt eis dass Steng am Wanter iwwert de gefruerene Séi « Hop » bruecht gi sinn.

Fir d'Lori!
Fir d'Lori!

De Wee vun Hvammstangi bis op Holmavik ass eng flott Küstestrooss mat engem Stopp beim Kolugil, eng impressionnant Schlucht!!

An Owes gëtt wéi ëmmer gegrillt!
An Owes gëtt wéi ëmmer gegrillt!

Den islännesche Pullover muss sinn!!!!

Eiderint

E Samsdeg si mir an d’Westfjorden eragefuer. Mega schéin. Nëmme gravelroad mee gutt ze fuere bis op e puer Plazen. Well et esou schéi ass bleiwe mir och Sonndes do an mir feieren meng 60 Joer an engem léiwe klenge Restaurant zu Djupavik.

Ups ....
Ups ....
Kierchen sinn ëmmer mäin dada ....
Kierchen sinn ëmmer mäin dada ....
Ëmmer e schéine Waasserfall.
Ëmmer e schéine Waasserfall.

Ëmmer e schéine Waasserfall.

Natur pur!
Natur pur!

Ëmmer e schéine Waasserfall.

Eise Camping fir zwou Nuechten!
Eise Camping fir zwou Nuechten!
Aal Kiersch.
Aal Kiersch.
Modern Kiersch.
Modern Kiersch.

Onbekannt ....

Küstenseeschwalbe .....

... an hir Eer

Am Hafen zu Krossness.

Mëttes hunn ech schon de Gebuertsdagkuch kritt.

HAPPY SIXTIES !!!