Westfjorden

Streng Reegele fir an den Hotpot!!

Zréck op Holmavik wou mir e Wäschdag aleeën. Et reent souwisou a mir hu jo gutt Zäit.

Dënschdeg fuere mir weider an de Westfjorde bis op Reykjanes. Hei ass en Hotel mat Camping. Den Hotel/Restaurant ass nach zou awer de Camping ass op an si hunn esou e super schéine groussen « Hotpot ». Endlech kann ech dat ausprobéieren. Mir maachen nach eng kleng Wanderung bei den alen Hotpot « Gamli Sundlaug » (1826-1929) an d'Robben. 

Op 400 Meter nach ëmmer Schnéi...

...a schéi Flëss.

No der Gravelroad mat Reen!

Ëmmer groupiert bleiwen!

De wollt sëch net fotograféiere loossen!

Zimlech vill Damp!!
Zimlech vill Damp!!

Gamli Sundlaug.

Ëmmer dobäi ....

.... a si och!

An Island kënnt ee net laascht d’Westfjorden. Et kann ee sech net sat kucken un der Natur déi sech do ëm op all Landspëtzt weist. Vu Reykjanes fuere mir gemittlech bis op Isafjordur. Zu Litlibaer maache mir e Stopp fir e Kaffi an eng Wafel ! D’Haus vun 1895 ass 3,9 x 7,4 Meter grouss a bis zu 20 Leit hunn do gewunnt. Ënnerwee nach den « Artic Fox Musée » besichen an Owes an engem coole Restaurant zu Isafjordur ze iessen. Zefridde komme mir um Camping un deen top equipéiert ass !

Litlibaer.

Litlibaer.

Den Artic Fox war eng Zäit ausgestuewen! Elo ginn et der nees 11.000.

Flotten Owend zu Isafjordur ..

.. am Restaurant Tjöruhusio.

Mir bleiwe nach an de Westfjorden. Alt Fëscherduerf!
Mir bleiwe nach an de Westfjorden. Alt Fëscherduerf!

Mir bleiwe nach an de Westfjorden. Alt Fëscherduerf!

Och am Tunnel geet et emol an eng aner Richtung!
Och am Tunnel geet et emol an eng aner Richtung!
Elste Bicherbuttek an Island (1914)
Elste Bicherbuttek an Island (1914)
Ni ouni gravel ....
Ni ouni gravel ....

Eng schéi Bucht zu Pingeyri.

De schéinste Waasserfall "Dynjandi"
De schéinste Waasserfall "Dynjandi"

Och dat ass Island! Nëmme Reen a Niwwel de ganze Freideg.