Weider an de Westen ...

E Samsdesch war e super Sonnendag a mir sinn op Latrabjarg gefuer Puffin's an aner Vulle kucken. Dat war och eise leschten Dag an de Westfjorden.

Ups ....
Ups ....
Ëmmer eleng ....
Ëmmer eleng ....

Iwwerreschter aus dem zweete Weltkrich

An Owes nees eng schéi Stellplaz.

Bei deene stëppst et!!

E Moment wëlle mir de Ferry huele fir vun de Westfjorden op Stykkisholmur ze komme mee et ass keng Plaz méi. Gottseidank! Well iwwert d'Strooss, wat natierlech eng Gravelroad ass, hu mir Flottes gesinn. De Méindeg verbrénge mir gemittlech zu Stykkisholmur.

Si si schreckhafft.
Si si schreckhafft.
Spieglein ... Spieglein ..
Spieglein ... Spieglein ..

Si si schreckhafft.

D'Brécke sinn all esou!
D'Brécke sinn all esou!

Si si schreckhafft.

An nach e Musée
An nach e Musée

An nach e Musée


An nach e Musée

D'Kierch zu Stykkisholmur.
D'Kierch zu Stykkisholmur.
Am Hafen.
Am Hafen.

Den Hafen ...... einfach nëmme schéin!

En Dënschdeg ass en Dag mat extreme Wandböen a mir kënnen nëmme mat 30/40 Km/St. fueren. Um Wee op Gundarfordür gi mir nach den Hai-Musée kucken. Hei verschaffen se den Hai wann d’Fëscher aus Zoufall een an d’Netz kréien. E gëtt fermentéiert wärend 3 Wochen an enger Holzkëscht an dann nach an der Loft gedréchend wärend 4 Méint. E schmaacht no Ammoniak ….. also et ass näischt fir mech !!!

Zu Gundarfordür siche mir no enger Plaz wou mir kënne wandgeschützt schlofen. Et ass nach ëmmer vill Wand. Mir bleiwen 2-3 Deeg op dëser Hallefinsel « Snaefellsnes » Déi huet vill ze bidden : Lavafelder, Lavahöhlen, Naturbieder, Vulkaner, Reiden, Wanderen …

Dryinghouse.
Dryinghouse.
Haistécker.
Haistécker.
Lavafelder.
Lavafelder.

Dryinghouse.

De Kirkjufell.
De Kirkjufell.

D'Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch hu mir net geschlof. Et war schrecklech mam Wand an ech hu wierklech gemengt de Camper géif ëmfalen !

Et gëtt nëmmen eng Strooss fir ronderëm d’Hallefinsel ze fueren an esou tuckere mir weider a bleiwen stoe wou et eppes ze kucke gëtt.

Um Keflavikurbjarg (Vullefiels)

...bréien se hir Eeër aus.

Schéi Felsformatioun.
Schéi Felsformatioun.
L'anscht d'Küst.
L'anscht d'Küst.
Den "Lexi" hëlleft géint d'Attake vun de Vullen.
Den "Lexi" hëlleft géint d'Attake vun de Vullen.
Am Maritim Musée.
Am Maritim Musée.
De Glacier Snaefellsjökull.
De Glacier Snaefellsjökull.
Agang vun engem Pëtz.
Agang vun engem Pëtz.
Lava ....
Lava ....
...felder.
...felder.
Vulkan Saxholl ...
Vulkan Saxholl ...
..wou mir erop geklomme sinn.
..wou mir erop geklomme sinn.

Geparkt am Ringwallkrater Holarholar.

Haut verloosse mir d’Snaefellsnes mat vill schéinen Andréck vun de Lavafelder an der rauer Küst wou dausende vu Vullen hir Näschter hunn. Mir fuere Richtung Südwesten a mierken dass hei schonn immens vill islännesch Touristen ënnerwee sinn.