Reykholt ass eise nächste Stopp. Et ass en Haff de vum Snorri Sturlusson gegrënnt ginn ass. An Island ginn et immens vill Saga’en an de Snorri huet seng opgeschriwwen. Hien huet och dem Kinnek vun Norwegen gedéngt, ass awer ëmbruecht gi well en net wollt seng islännesch Heemescht fir de Kinnek opginn. De Musée iwwert den Snorri ass ënnert der Kierch.
Zu Husafell maache mir eng Äisbesichtegung duerch en Tunnel vum Glacier Langjökull. Hei wär och e Camping deen esou chaotesch zougeparkt ass dass keng Plaze méi fräi sinn. Mir installéieren eis um Parking an der Natur praktesch eleng. Mir si jo « autark » !
Fir vun Husafell op Reykjavik maache mir nach e Stopp am Musée « Landnam » mat enger flotter Ausstellung iwwert Geschicht vun Island. Duerno nach en Ëmwee ronderëm den Hvalfjörd.
Hallgrimskirkja
Reykjavik huet eis ganz gutt gefall och wann de Camping wierklech nëmmen eng Stellplaz ass!! Mee praktesch fir mam ëffentleche Bus an d'Stad ze fueren. Wéi ëmmer wa mir an enger Stad sinn si mir de ganzen Dag derduerch spadséiert. Owes hu mir e klenge Restaurant fonnt fir nach gemittlech ze iessen. Alles aus der Pan!!!
Méindes (6te Juli) loosse mir et emol lues ugoen a fuere just bis op Gardskagi wou mir beim gréisste Liichtturm (28,5 Meter) vun Island schlofen.
Rachel: den Owend ginn et Fajitas!! 🙂
Gardskagi, klenge Liichtturm
....... grousse Liichtturm.
Mir fueren op d’Hallefinsel Reykjanes bis op Grindavik mat verschidde Stopp’en wéi « Bridge between two continents » « Vullefiels » « Dampwolleken Gunnuhver » an zu gudder lescht « Blue Lagune »
Den Héichpunkt vum Dag ass awer dass de Ralph (dem Jang säin Enkel) op der Schwamm-Junior-EM zu Roum iwwer 100 Meter Crawl an d’Final geschwomm ass.
Blue Lagune
Haut gi mir de Vulkan Fagradalsfjall besichen dee jo am Mäerz ausgebrach ass. Impressionant. D’Lava ass nach waarm an huet op verschidde Plazen nach gedëmpt !! Genial !
Duerno geet eise Wee duerch mega schéi Lavalanschaft op Pingvellir wou virun 1000 Joer d’Mënschen sech getraff hu fir den alljärlechen « Alping ». Hei sinn d’Gesetzer beroden a festgehal ginn. Och wichteg Saache sinn hei beschloss ginn.
Almannagja - Pingvellir
Almannagja - Pingvellir
Öxararfoss - Pingvellir