Weider an de Süden..

A nees ass eng Woch ëm ! Mir fuere bei déi éischt Geysiren an de Wasserfall Gullfoss ! Ëmmer méi an de Süden.

Ënnerwee steet och nach e bëssche Geschicht um Programm. Zu Skalholts gi mir en historesche Site kucke wou den éischte Bëschof vun Island (1086) begruewen ass. 

Kleng Kapell zu Skalholt

Eng schéi Route ...
Eng schéi Route ...
..mat Meckenalarm ..
..mat Meckenalarm ..
..bei de Waasserfall ..
..bei de Waasserfall ..
..Hjalparfoss..
..Hjalparfoss..
..duerno de Vulkan Hekla.
..duerno de Vulkan Hekla.

Eng Höhl mat schéine Faarwen a super Akustik.

E Sonndeg hu mir en Ausflug op d’Insel Vestmannaeyjar gemaach. De Camper konnte mir um Parking vum Ferry stoe loossen. D’Insel ass bekannt gi well am Januar 1973 um zwou Auer an der Nuecht ouni Virwarnung de Vulkan Eldfell ausgebrach ass. Och nach haut gëtt engem bewosst wéi vill Gléck déi Leit haten an hirem Ongléck. All Awunner (5000 Leit) sinn evakuéiert ginn ouni dass e blesséiert ginn ass. Op eisem Tour mat engem Schëff ronderëm d’Insel huet eise Guide eis gezielt dass e Mann vun engem Hëllefsschëff op d’Idee koum d’Lava mam Waasser direkt aus dem Mier ofzekillen. D’Lava war um Wee an den Hafen ze lafe wat natierlech eng Rettung vun de Leit onméiglech gemaach hätt well da kee Schëff méi do hätt konnten era fir d’Leit ofzehuelen.

An Owes um Festland ....

..nees eng schéi Plaz fir ze schlofen.

Mir fueren nach ëmmer op der Route 1 duerch Lava- a schwaarz Sandfelder. Einfach nëmme schéin !

Skogafoss.
Skogafoss.
Dyrholaey.
Dyrholaey.
Dyrholaey.
Dyrholaey.
Si poséiere gären.
Si poséiere gären.
Dyrholaey.
Dyrholaey.
Reynisdranger. Trollen déi a Fielse verwandelt goufen.
Reynisdranger. Trollen déi a Fielse verwandelt goufen.
Ëmmer alles upacken!
Ëmmer alles upacken!
Herrlech Käerzeblummen.
Herrlech Käerzeblummen.
Mega Vue'en
Mega Vue'en

Reynisdranger. Trollen déi a Fielse verwandelt goufen.