Vum Süden an den Osten

Eise Camper ass net ausgestatt fir an d’Héichland ze fueren also hu mir en Dagestour mat engem 4x4 Super Jeep gebucht.

Ech sinn ëmmer erstaunt wéieng Blummen hei wuessen
Ech sinn ëmmer erstaunt wéieng Blummen hei wuessen
An nach esou eng Blimchen an der Äschen.
An nach esou eng Blimchen an der Äschen.

1782 huet e Vulkanausbroch ugefaang dee 7 Méint gedauert huet. Am Héichland südwestlech vum Lakibierg ass eng Spalt opgaange mat iwwert 100 Vulkanschächt déi déi gréisste Lavamassen erausgespaut hunn. D’Vulkanäschen ass iwwert de Nordatlantik gedroe gi bis a Mëtteleuropa. Iwwert 10.000 Leit (1/4 vun der Bevëlkerung) sinn deemools gestuerwen.  

Haut schéin ze kucken ....

No deem schéinen Ausflug fuere mir weider an den N.P. Skaftafell a bewonneren de gréisste Gletscher vun Europa, den Vatnajökull.

De Svartifoss am N.P. Skaftafell

Jökulsarlon ass eise nächste Stopp. Hei kënne mir grouss Äisstécker vum Äisbierg Vatnajökull bewonneren déi an d’Mier schwammen. Et ass schonn impressionnant wéi no een un de Glacier kënnt.

Elo verloosse mir de Süde bei schéinem Wieder a Richtung Oste fir gemittlech duerch d’Ostfjorden ze fueren.

34 Eeër vum Steemetzer Gudmundsson stinn hei fir 34 Vullenarten déi hei nisten.

Den Hafe vun Djupivogur