Weider am Osten

D'Ostfjorde si wonnerschéi bei herrlechem Wieder! Mir profitéiere vun eise leschten Deeg.

Petra's stone collection.

Ass eng vun de gréisste privat Sammlunge weltwäit.

D'Petra huet hiert ganzt d'Liewen der Sammlung gewidmet an ass mat 90 Joer gestuewen.

E Méindeg fuere mir just e puer Kilometer op Neskaupstadur wat um Enn vun enger Hallefinsel läit, also eng Sakgaass ! Hei verbrénge mir e relaxen Nomëtteg mat Pizza, en immens flotte Musée a Shoppen 🙂

Maritim an Natur Musée.

Well et esou schéin ass zu Neskaupstadur bleiwe mir einfach en Dag a relaxe mat liesen a näischt maachen !

Mëttwoch den 21.07. fuere mir nach emol an d’Land an de N.P. Snaefell e richtegt Wandergebidd wou vill Islänner Vakanz maachen. Et ass elo och extrem vill lass op de Campinger. Eriwwer mat der Zäit wou mir zu zwee oder dräi do stoungen.

Moies mat Niwwel.
Moies mat Niwwel.
Den Hengifoss.
Den Hengifoss.
Oft falen déck Steng op de Wanderwee.
Oft falen déck Steng op de Wanderwee.
Um Wee.
Um Wee.
D'Haus vum Gunnar Gunnarsson, e Schrëftsteller (1900)
D'Haus vum Gunnar Gunnarsson, e Schrëftsteller (1900)

Beim Litlanesfoss.

Well mir nach e puer Deeg hu bis eis d'Schëff zréck op Hirtshals geet fuere mir nach emol an de Nordosten op Borgarfjördur. Als éischt tappéiere mir eis emol nees eng Gravelroad vu 17 Km. Duerno gi mir awer belount mat herrleche Vue'en. Grouss ass och d'Iwwerraschung um Camping "Bakkagerdi" wou mir op e Grupp vu Seabridge treffen déi mam Patrick a Myriam als Guide Island bereesen. De Patrick an d'Myriam hu mir op eiser Afrika Rees mat Seabridge kennegeléiert. Do waren se nach am Stage fir esou Reesen ze leeden! Elo hunn se zwee Kanner déi och mat dobäi sinn. Ustrengende Job mee si meeschteren dat gutt wéi eng Fra aus dem Grupp eis verzielt.

Esou e Camping mat der Vue ass einfach nëmme schéin.

An am Hannergronn d'Bierger mat Schnéi.

On the road ...
On the road ...

On the road ...

Borgarfjördur ... mat engem Niwwelschleier.
Borgarfjördur ... mat engem Niwwelschleier.
Kleng Kierch um Camping.
Kleng Kierch um Camping.

On the road ...