Ciao du wonnerschéin Insel

Borgdarfjödur ass esou schéin an enger Bucht geleeën dass mir einfach nach 2 Deeg bliwwe sinn. Och ass eis e grousse Musek Festival an eng flott Ambiance.

An d'Mier wollt ech awer net!

D'Faarwe vun de Bierger sinn immens!

Virun dass mir Borgdarfjördur verloosse fuere mir nach bei en Papageientaucher Spot! Duerno geet et Richtung Fellabaer an e schéine Wellness "Vok Baths" wou mir déi zwee Deeg verbréngen.

Relaxen am Vök-baths.
Relaxen am Vök-baths.
Déi lescht Gravelroad..
Déi lescht Gravelroad..
..an ëmmer nees schéi Vue'en..
..an ëmmer nees schéi Vue'en..

Relaxen am Vök-baths.

..mat nach enger Kierch.
..mat nach enger Kierch.

Seydisfjördur läit schéin um Enn vum Fjord.

Déi aller aller leschte Kierch ...

...ass wierklech schéin.

Déi Linn an "orange" si mir gefuer -> 4913 Km. Wonnerschéi Plazen hu mir gesinn. D'Wieder war speziell (Wand, Reen, Schnéi a vill Sonn) awer mir géifen des Rees genau sou an zu dëser Joreszäit nach emol maachen. Island ass einfach schéin a virun allem Natur puer!!

Merci iech all fir d'Kucke vu menger Säit ..... a virun allem fir  déi léif Messagen!