Bremerhaven bis Jordanien

Scho ganz fréi am Joer hu mir eis ugemellt fir eng Rees op déi Arabesch Hallefinsel. Eigentlech war virgesi vu Krakau aus fortzefueren an zu Tel Aviv nees mat engem Ferry zréck an Italien ze kommen. Mee wéi bei esou ville Projet'en war och hei de Covid e Problem. D'Idee ass dunn gewiergt einfach den ëmgedréite Wee ze fuere mat der Hoffnung dass am Mäerz den Iran seng Grenzen opmécht. Well Israel nach zou war (wou mir d'Schëff gebucht hunn) ass eise Camper leschte Freideg (12.11.2021) zu Bremerhaven ageschëfft gi mat Direktioun Aqabe (Jordanien). Hei eng Kaart wéi den Ufank vun eiser Rees déi an zwee Deeler opgedeelt ass.

Mir fléien Ufank Dezember a Jordanien (Amman) fuere weider op Aqaba an huelen do am Hafen dann onse Camper den 8ten Dezember an Empfang 🙂

Wann et da méiglech ass komme mir Enn Abrëll iwwert den Iran, Tierkei a Griicheland nees heem.

Et geet jo oft net esou wéi ee mengt! Wéi Israel seng Grenzen nees zougemaach huet hu mir eis decidéiert esou schnell wéi méiglech a Jordanien ze fléien. Eise Camper ass scho bal do an et wär blöd wa mir dann net méi kënnte reesen duerch déi rezent Restriktiounen. Den 1ten Dezember si mir gutt zu Amman ukomm an hunn haut eisen éischten Ausfluch an "down town" gemaach.

Réimeschen Theater
Réimeschen Theater

Réimeschen Theater


Réimeschen Theater

Schéine Mosaik am traditiouns Musée
Schéine Mosaik am traditiouns Musée

Réimeschen Theater

St.Georg zu Madaba..
St.Georg zu Madaba..
mat engem Mosaik vun 2.000.000 Steng...
mat engem Mosaik vun 2.000.000 Steng...
"Berg Nebo" wär d'Plaz wou de Moses begruewe gouf
"Berg Nebo" wär d'Plaz wou de Moses begruewe gouf
Och do schéi Mosaiken
Och do schéi Mosaiken

St.Georg zu Madaba..

Panorama Vue vum "Berg Nebo" an den Jordandall

Coole Restaurant

Mir hunn elo vill Zäit eis Amman unzekucken. Eng Stad déi op 7 Hiwwelen entstanen ass a sech elo awer op 19 Hiwwelen ausgebreet. Et ass e Chaos vun Autoen a Leit wou dann och nach 5 Mol am Dag de "Muezzin" biet.

Lues a lues treffen och nach aner Leit vun eiser Grupp an a mir freeën eis endlech eise Camper ofhuelen ze kënnen. En ass schonn ukomm a wann all Pobeiere fäerdeg sinn däerfe mir an den Hafen en ofhuelen. Den 9ten Dezember ass et esou wäit.

Mir sinn 9000 Joer al!
Mir sinn 9000 Joer al!
The Jordan Museum
The Jordan Museum
Krëschtstëmmung
Krëschtstëmmung
Vill Séisses
Vill Séisses
King Abdullah Moschee
King Abdullah Moschee

Iwwerrechter vum Herkules Tempel an der Zitadell

Moschee am Omayaden Palast an der Zitadell

Vue vun der Zitadell an d'Stad Amman

Déi eelste Mosche vun Amman

Palestinenser-a Bedouine Schaler

Just ee vu 50 Stänn um Maart an der Alstad

Um Wee op Aqaba hu mir missen duerch e Sandstuerm fueren! Et huet een net vill gesinn!! Nach eng Nuecht am Hotel, da weider an de Berenice Beach Resort. Eng flott Plaz fir ze waarde bis mir an den Hafe geruff ginn. Um 14:00 ass et esou wäit. Bis mir däerfe mat de Camper zréck an de Berenice Beach fuere vergi Stonnen. Et gëtt 19:30! Mee dat si mir gewinnt. Hei ass et net anescht wéi a Süd Amerika. Et muss een och hei net alles verstoen!!!!! 

E puer T-Shirten a Boxe vum Jang hunn dem Hafepersonnal gutt gefall, genau esou wéi eise Waasserkocher!! Praktesch fir jordaneschen Téi ze maachen 🤪

At the beach
At the beach
Schéi gruppiert
Schéi gruppiert
A wéieen ass mäin?!
A wéieen ass mäin?!
Eist fannen ech schnell!!
Eist fannen ech schnell!!
Voilà!!
Voilà!!