Tripp duerch Jordanien

No engem flotten Owend an engem Beduinen Zelt mat Bauchdanz geet et den 11ten Dezember endlech on Tour. Déi éischt Visitt ass Wadi Rum wou mir zwou Nuechten an der Wüüst schlofe wäerten an eng Jeep Tour maachen. 

gutt giess am Beduinen Zelt

mat schéinem Bauchdanz

....an e bëssi Henna

Schonn d'Entrée vu Wadi Rum ass impressionnant

D`Wüüstelandschaft "Wadi Rum" ass déi gréisst aus Jordanien. Et steet op der Lëscht vun der UNESCO an ass 740 km2 grouss. Hei si vill Filmer gedréit ginn, ewéi "Lawrence von Arabien" an "Der Marsianer" oder "Star Wars". Mat engem Jeep hu mir eng Tour gemaach duerch déi impressionnant Landschaft. 

Eis Jeep Driver
Eis Jeep Driver

Nach eng jordanesch Kachstonn

an Owes e gutt Iessen aus dem Buedem

Ënnen d' Fleesch an de Poulet an uewen d'Gromperen an d'Geméiss

Vu Wadi Rum geet et op Madaba, d'Stat vun de Mosaicken, wéi se bis haut nach genannt gëtt. Madaba war de Bëschofssëtz vun de Byzantiner an huet bis zu Eroberung vun de Perser am Joer 614 seng beschten Zäit gehat. Vill Kierchen sinn hei gebaut gi mat immens schéine Bieden aus Mosaik.

Hei d'Warzeeche vu Madaba. E Bam mat Orangen an Drauwen gemaach mat Mosaick.

Flott war och nach dass mir op enger Tankstell Lëtzebuerer begéint hunn déi e Platten haten an deen wollte flécke loossen. D'Simone an d'Claire vun Itzëg! Onwarschéinleg dass ee sëch hei begéint no beim Wadi Rum an der Wüüst!

Gutt dass mir e Navi hunn .....
Gutt dass mir e Navi hunn .....
Madaba
Madaba
Vue an de Jordan Dall vum Bierg Nebo
Vue an de Jordan Dall vum Bierg Nebo
Visite an enger Mosaicke Schoul
Visite an enger Mosaicke Schoul
Deen hätt ech gär matgeholl!
Deen hätt ech gär matgeholl!

Haut ass de 16ten Dezember an de John huet Gebuertsdag …. Alles Guddes !

Zënter enger Woch fuere mir elo scho vun Aqaba Richtung Norde vu Jordanien. Temperature sinn net ganz héich, am Dag 14-18 Grad an an der Nuecht nëmme nach tëschend 3-8 Grad. Vum éischten Dag un hu mir en einheimesche Guide, de Fuad, an e jordanesche Polizist deen op eis opasst ! D’Regierung seet dat mist esou si bei Gruppen. Et ass KENG Kontroll mee just dass eis jo näischt geschidd !!

Beim fuere musse e wierklech oppasse well si fueren hei wéi se wëllen. Iwwerhuele lengs oder riets wou et grad am beschte geet. An tuute sech en Eck ewech. Mee alles ëmmer ganz fein. Iwwerhapt gi mir hei ganz frëndlech empfang. D’Jordanier wëlle wësse wou mir hierkommen a sinn immens hëllefbereed. Ech mengen et ass och well hei bal keng Turiste sinn an si och ganz schlëmm ënnert Corona gelidden hunn. Wat mir net kënne verstoen ass den onmossegen Dreck. Iwwerall leie plastick Tuuten a Fläschen op der Strooss an op de Felder. Et ass ganz schlëmm. D’Regierung stellt iwwerall grouss Container hinn déi och zwee oder esouguer dräi Mol am Dag eidel gemaach ginn. Mee d’Leit benotzen se net. Si soe selwer dass et nach zwou Generatioune brauch bis den Dréck richteg entsuegt gëtt.

Wüsteschlass Qasr Al-Kharranahaus dem Joer 600.

E klengt Qusair'Amra och nach um Wee..

..mat ganz gutt erhale Fresken

a verschidde Bäder

D'Buerg Al Alzraq hu mir Freides besicht op eisem Wee Richtung doudegt Mier.

speziell Aart fir de Plaffong ze stäipen.
speziell Aart fir de Plaffong ze stäipen.

speziell Aart fir de Plaffong ze stäipen.

Um Wee....
Um Wee....

speziell Aart fir de Plaffong ze stäipen.


speziell Aart fir de Plaffong ze stäipen.

Haut war de leschten Dag am Norden a mir hunn nach d'Buerg Aljoun an déi al réimesch Stad Jerash och Gerasa besicht. Am éischte Joerhonnert hunn d'Réimer d'Stad ëmmer méi ausgebaut. Einfach nëmmen impressionnant!

Buerg Aljoun nach am Niwwel.

En Téi fir warm ze ginn!

Hadrianstor
Hadrianstor
Ovales Forum
Ovales Forum
Südtheater
Südtheater

Hadrianstor

Zeustempel
Zeustempel