Doudegt Mier, Petra

Wéi mir doudegt Mier erreecht hu war d’Wieder wierklech schlecht. Mir konnte guer net ausprobéiere wéi et wier sech dodran ze leeën ouni ënner ze goen. Schnell hu mir e flotte Programm vun eise Guide proposéiert kritt…..mee kuckt selwer !!

Zu Kerak gi mir nach d’Buerg kucken an da geet et weider op Petra wou mir Chrëschtdag verbréngen.

Ënnerwee...

.....

Déi Camionette ginn et an alle Farwen

Sonnen Ënnergang um doudege Mier

Sonnen Opgang iwwert Israel

Flott Alternativ...
Flott Alternativ...
Salzkristalle kucken...
Salzkristalle kucken...
an eng Wanderung...
an eng Wanderung...
duerch d'Schucht Wadi Numeira...
duerch d'Schucht Wadi Numeira...

Flott Alternativ...

Iwwert de Kings Highway geet et Richtung Little Petra. Op eisem Wee leie nach zwou Buergen a mega schéi Landschaften.

Buerg zu Kerak
Buerg zu Kerak

Buerg zu Kerak

Eng Moschee ass ëmmer schéin.
Eng Moschee ass ëmmer schéin.

Buerg zu Kerak


Buerg zu Kerak

Shobak Castle

Um Wee op Little Petra
Um Wee op Little Petra
Little Petra....
Little Petra....
...hei och
...hei och
deemno wéi d'Sonn steet!
deemno wéi d'Sonn steet!

Um Wee op Little Petra

D’Nabatäerstad Petra op 1350 Meter bei Wadi Musa (Mosesquelle)! Eng kleng Wanderung vu 4 Kilometer bis dohi gëtt eis schonn en klengen Androck mee ech weess awer net wéi ech dat Gefill soll beschreiwe wann een do am Dall steet an déi Architektur Alexandrias vu virun 2000 Joer gesäit. De Fuat, eise Guide zënter zwou Wochen,  erzielt eis alles iwwert d’Schatzhaus « Khazne Faraun » vum Pharao esou wéi iwwert d’Kinnegsgriewer, d’Opferplaze fir Weirauch a wéi d’Leit hei gelieft hunn. Ech hoffen dass dir och duerch dës Fotoen e klengen Androck kritt.

Um Wee an d'Schlucht.
Um Wee an d'Schlucht.
Bizar Formatiounen.
Bizar Formatiounen.
Schonn e klenge Bléck ..
Schonn e klenge Bléck ..
op "Khazne Faraun"
op "Khazne Faraun"

Um Wee an d'Schlucht.

Réimeschen Theater.
Réimeschen Theater.
De Fuad an Heichform!
De Fuad an Heichform!
Ech woust net dass et esou vill Zorte Weirauch gëtt.
Ech woust net dass et esou vill Zorte Weirauch gëtt.
Mausoleeën op der sou genannte Kinnegswand.
Mausoleeën op der sou genannte Kinnegswand.
Klammen huet een awer och missten!
Klammen huet een awer och missten!
Immens Vue'en an d'Stat
Immens Vue'en an d'Stat
An herrlech Farwen.
An herrlech Farwen.
D'Kinnegswand mam UrnenGraf, dat héichst!!
D'Kinnegswand mam UrnenGraf, dat héichst!!
Eise Guiden Trio...genial!!
Eise Guiden Trio...genial!!