Richtung Süden ....

Déi lescht Fotoen ..
Déi lescht Fotoen ..
ronnderëm Petra ...
ronnderëm Petra ...
bei enger Wanderung ..
bei enger Wanderung ..
den 24ten vu 16 Km!
den 24ten vu 16 Km!

Eigentlech war alles organiséiert : De 24te Chrëschtiessen, de 25te Moies e PCR Test duerno op Aqaba fueren d’Gasfläsche fëllen, eventuell no eiser Loftfiederung kucke loossen déi schonn dräi Woche futti ass an Owes « Fläschen eidelmaache Party » well mir de 26ten a Saudi Arabien fueren.

Du koum d’Noriicht dass d’Grenz zougemaach gëtt fir 45 Deeg de 25ten Dezember !! Also nom Chrëschtiessen direkt de PCR Test a Moies ganz fréi op d’Grenz. Et gouf e ganz laangen Dag ! Eis Tester waren all negativ (eise Chrëschtkaddo) an Owes si mir dout midd awer frou um 23 :00 Auer op eiser Stellplaz zu Haql a Saudi Arabien ukomm.

Just am "Konvoi" ....

fir iwwert d'Grenz!

Vun Haql geet et Richtung Süden duerch de Wadi Tayybh al Ism (Dall vum Moses). Leider mierke mir schnell dass den Dall gespaart ass an (hei gëtt e mega Projet mat Wunnenge gebaut am Styl wei Dubäi). Och däerfe mir net um Strand beim Mier stoen. Et gëtt ëmmer nees Ännerungen op eiser Route an e grousse Problem stellt sech well mir bal keen Diesel hei kréien.

Déi éischt Andrëck
Déi éischt Andrëck

Déi éischt Andrëck

Am Fëschbuttek
Am Fëschbuttek
Den éischten Owend wou mir konnten zesumme sëtzen
Den éischten Owend wou mir konnten zesumme sëtzen
mat super Sonnenënnergang
mat super Sonnenënnergang

Zu Maqna bleiwe mir just eng Nuecht.  Iwwerhaapt ass déi ganz Küstestrooss eng grouss Bauplaz an d’Stränn sinn all gespaart well jo ei eng Stad soll entstoe vu 70 Km laang mat Palmeninselen ewéi zu Dubäi. 2030/35 soll se fäerdeg sinn.

Fir d’Leit hei si mir Exoten. Si kommen eis Camper kucken a maache Fotoen a Filmer. E puer sinn esou frësch a sëtzen sech op d’Still bei d’Camper a maache wéi wann et hir wäre fir eng Foto. Awer ëmmer ganz léif a witzeg. Si schenken eis och oft Saache wéi Uebst, Botzmëttel, Händchen etc.

Mir fuere weider op Duba wou mir och musse vun enger op déi aner Stellplaz wiesselen. D’Waasser ass knapp hei an de Gasproblem hu mir och nach net geléist. Mir selwer hu vill Problemer mam Elektresch a ware schonn 2x komplett platt (also am Wunnraum net d’Motorbatterie). Mir léieren all Dag eppes méi a si frou dass mir Leit derbäi hunn déi vum Elektresch eppes verstinn !!

Silvester feiere mir hei zu Duba an engem ganz bekannte Fëschrestaurant !

Sonnenobgang zu Maqna
Sonnenobgang zu Maqna

Sonnenobgang zu Maqna


Sonnenobgang zu Maqna

Waassertanke ganz professionnel
Waassertanke ganz professionnel
Duba
Duba

Ons Stellplaz zu Duba ....

... an eng kleng Marina...

Mir wënschen iech all e gudde Rutsch an dat neit Joer 2022 a virun allem eng gutt Gesondheet!! Bis am neie Joer op dëser Plaz!!