Medina bis The Ain Anc.Village

D'Wüüst kann esou schéi sinn!

Medina ass eng modern Stad an déi zweet wichtegst Stad an der islamescher Pilgerfaart. Verschidde Plaze vun der Stad däerfen Netmosleme besichen!

Uhud Mosche

Quba Mosche

Et gi ganz vill schéi Spillpazen ...
Et gi ganz vill schéi Spillpazen ...

Et gi ganz vill schéi Spillpazen ...

Op der Promenade zu Yanbu..
Op der Promenade zu Yanbu..

Et gi ganz vill schéi Spillpazen ...


Et gi ganz vill schéi Spillpazen ...

En Dënschdeg si mir eng grouss Etape gefuer, 410 Km, bis op Djedda.

Den Ali, onse Guide hei a Saudi Arabien, huet es e bësschen iwwert Kultur an d’Liewen hei erzielt. D’Mamm ass déi wichtegt Persoun an der Famill, z.B. ass et d’Mamm an d’Schwësteren déi dem Jong e Meedche siche fir ze bestueden. Da gëtt de Jong gefrot op en dat Meedche wëllt an dann d’Meedchen op hat de Jong wëllt. Duerno eréischt kommen d’Pappen an d’Spill. D’Jonge kënnen och nee soen, maachen dat awer net oft well d’Leit hei denken dass d’Mamm hire Bouf am beschte kennt an d’Meedche schonn dat richtegt ass ! Och däerfen d’Männer bis zu 4 Fraen hunn, wat awer meeschtens nëmme vun de räiche Männer gemaach gëtt. Well ALL Fra muss ëmmer dat selwecht kréien. Kritt eng en Auto mussen déi aner dräi och ee kréien. Kritt eng en Haus oder Bijoue mussen déi aner och en Haus a Bijoue kréien. Also eng deier Geschicht !! Saudi Arabien huet vill Suen duerch de Pëtrol an zënter e puer Joer och duerch d’Stéieren. Soss war ëmmer alles Steierfräi dat ass awer elo net méi esou. De ganze Gesondheetssystem ass gratis. Wann een net schafft ass et de Stat deen alles iwwerhëlt a wann ee schafft de Patron. Am Prinzip huet och jiddereen eng Pensioun. Déi déi keng hu kréie vum Stat e klenge Betrag a schaffen nach niewelaanscht. D'Arbechtszäite si vun 7:00 Auer Moies bis 14:00 Mëttes. Vu 14:00 bis 18:00 ass alles zou, och d'Geschäfter! Duerno ass hei volle Programm bis 23:00/24:00 Auer. Mir denken dass d’Saudi Arabier e gutt Liewe féieren a virun allem d’Awanderer aus Pakistanien a Bangladesch vill schaffe fir wéineg Geld. Hir Gaaschtfrëndschaft ass enorm. Permanent gi mir ugesprach, op Kaffi an Iessen invitéiert. Si si begeeschtert vun eise Camper an ëmmer wou mir sti kommen se fir Fotoen ze maachen.

Djedda besiche mir den Owend mam Ali dee mengt mir géifen eis nach wonnere wéi offen d’Leit hei an der Grousser Stad vu 4 Milliounen Awunner sinn. Viru 16 Joer ware mir schonn emol hei en Dag an do hu grad emol 1.5 Millioune Leit hei gewunnt. Deemools waren all Frae komplett verschleiert. Haut, seet den Ali, wäre 95% net méi verschleiert ! Ech si gespaant….

Stellplaz 40 Km bei Djedda um Strand! Hei därfe mir stoe mee just net ze no beim Waasser..

Um Fëschmaart..
Um Fëschmaart..
An der Alstad
An der Alstad

Um Fëschmaart..


Um Fëschmaart..


Um Fëschmaart..

D'Djedda by night

Check point "Mekka" zou fir eis!!!

Vun d’Djedda geet et op Al Taif dobäi musse mir Mekka grouss ëmfuere well mir als « ongleeweg » net däerfen an dës Stad. Esouguer mam Bus ass et net erlaabt d’Stad ze besichen.

Al Taif ass eng beléifte Stad vun de Saudis am Summer well se op 1800 Meter läit op der Ostsäit vun den Hedschas-Bierger. Vill Animatioun fir d’ganz Famill mat Parken, Pic-nic Plazen a Kiermes a gogo. Och hei ass geet d’Liewen eréischt owes um 18 :00 Auer un an dauert bis wäit iwwert Mëtternuecht.

A mir kommen der Stad Ryad ëmmer méi no.

Ups ...

Al Taif

Saudi Arabesche Kierfescht. D'Leit ginn an Dicher agewéckelt an einfach an de Buedem geluegt.

Land ënner um Wee op Al Mandaq

Thee Ain Anc.Village

D'Duerf ass 400 Joer al an ass immens schéi restauréiert gi virun 5 Joer. Et steet op der Lëscht fir vun der UNESCO opgeholl ze ginn.