Abha bis Ryad

Et geet weider an de Süde vun der Provënz Aseer. Abha ass eist Ziel op 2200 Meter an ass d'Haaptstad vun dëser Provënz. Et ass eng ganz fruchtbar Géigend mat Schof, Geessen a Ranner. Och gesi mir vill Zäre mat Uebst a Geméis.

Leider huet haut de Problem "Ad Blue" oder "schlechten Diesel" och eis Frënn d'Brigitte an de Jörg getraff. Si kënne net méi weider fueren a fuere Muer op Riad an de Garage. 1000Km a si däerfen de Motor net aus maache well soll geet e net méi un. 400Km Systemspär!! Mir haten dee Problem jo och konnten awer duerch eng Programmatioun vum Motor den Ad Blue ofschalten. Euro 6 Motore sinn definitiv net gemaach fir hei ze fueren .... 

Et ass ëmmer alles gutt gezeechend...

...immens schéin Däller...

..an d'Paviane sinn och ëmmer dobäi..

En alt Duerf zu Abha wou och nach Leit wunnen.
En alt Duerf zu Abha wou och nach Leit wunnen.
Speziell gebaut mat Leem.
Speziell gebaut mat Leem.
Vill Gewürzer ...
Vill Gewürzer ...
..arabesche Dampfgarer..
..arabesche Dampfgarer..
..a villes soss um Maart.
..a villes soss um Maart.

Aussiichtspunkt zu Abha op d'Grenz vum Jemen.

Ëmmer op der Stréck..
Ëmmer op der Stréck..
.. Kaméilfarm..
.. Kaméilfarm..
..all 1000 Meter e Waachtuerm..
..all 1000 Meter e Waachtuerm..
..Stréck an d'Wüüst gëtt ëmmer méi desertique..
..Stréck an d'Wüüst gëtt ëmmer méi desertique..
a virun der Stellplaz nach de "White Mountain"
a virun der Stellplaz nach de "White Mountain"

Méi geet net drop!

Dat lescht Stéck op d'Stellplaz.

D'Lagerfeier gëtt präparéiert.

Gemiddlechen Owend!!

A weider geet et duerch d'Wüüst....
A weider geet et duerch d'Wüüst....

A weider geet et duerch d'Wüüst....


A weider geet et duerch d'Wüüst....


A weider geet et duerch d'Wüüst....


A weider geet et duerch d'Wüüst....

Kaméilefamill...

..op der Farm.

Alt Duerf "Shaqra"...

... mam Souk

Flott Stellplaz ...
Flott Stellplaz ...
..an engem Park
..an engem Park
Pic-Nic Plaz
Pic-Nic Plaz
Ëmmer schéi Parke mat flotte Spillpazen.
Ëmmer schéi Parke mat flotte Spillpazen.
Bei Qasab déi gréisste Salzséie vun der Najd-Regioun
Bei Qasab déi gréisste Salzséie vun der Najd-Regioun

Hir Kreesverkéier si wierklech

impressionnant!

Muer besicht de Grupp Ryad eng Millioune Stad mat 4000 Moscheeën. Da geet et weider un d'Mier no bei Bahrain wat mir awer net besiche kënnen. E puer flotter Deeg um Mier erwarden eis virun dass mir den 1te Februar an d'Emiraten areesen.