Ryad an e bëssi Beach bis op d'Grenz

E puer Fotoe vu Ryad City

Al Faisaliah Tower (mat der Glaskurel)

Kingdom Tower mat uewen enger Passerelle.

Fort Al Masmak

Déi nächst Deeg verbrénge mir op verschidde Plage beim Persesche Golf, ginn d'Bréck fir an de Bahrain kucke wou mir awer net driwwer fuere well mir missten e PCR Test maache fir dohin a fir zréck!! Fir just een Dag ass de Risiko eis ze grouss. 

Si kucke mech esou erstaunt wéi ech si!!
Si kucke mech esou erstaunt wéi ech si!!
Eng Friesbud un der aner!
Eng Friesbud un der aner!

Si kucke mech esou erstaunt wéi ech si!!


Si kucke mech esou erstaunt wéi ech si!!

Half Moon Bay bei Sonnenopgang.
Half Moon Bay bei Sonnenopgang.

D’Welt dréit erëm ronn…..ob jiddefalls mol fir eis ! An esou huet d’Geschicht ugefang !

Den 23ten ass dem Jang säi Schnelltest  « positiv ». Éischte Wee ! Bei d’Ines an de Werner mat der Konsequenz : Ofstand halen zum Grupp, keng Ausflich méi matmaachen, net méi akafe goen an op de Stellplaze wäit ewech parken.

No engem Schnelltest vum ganze Grupp ass nach ee « positiv ». Zwee Deeg méi spéit sinn et dräi Camper mat 5 Leit « positiv ».  Mir hunn all net méi wéi den Hals wéi an den Houscht. All 2 Dag maache mir en Test a bleiwe « positiv » Am duebele Sënn!!

Hecktick kënnt op well mir dräi Deeg virum Grenziwwergang sinn. Positiv getest kann ee Saudi Arabien net verloossen an natierlech och net an en anert Land areesen.  Plang B an C sinn vum Ines a Werner ausgeschafft ginn.

Plang B : waarde bis den Test « negativ » ass an dem Grupp nofueren. Geet awer  nëmme wann et net ze laang dauert well mir just eng Woch an Abu Dhabi bleiwen.

Plang C : bei negativem Test direkt an den Oman areesen an do op de Grupp treffen.

Gëschter hu mir en offizielle PCR Test gemaach dee mir brauchen fir iwwert d’Grenz an haut de Mëtteg koum dunn d’Resultat. De ganze Grupp ass « negativ » ...... INSHALLAH!!

D'Freed ass grouss an de Stress vun de leschten Deeg vergies.

De Bierg Al Qarah
De Bierg Al Qarah

De Bierg Al Qarah


De Bierg Al Qarah


De Bierg Al Qarah

D'Entrée vum Souk zu Al Hofuf.
D'Entrée vum Souk zu Al Hofuf.

Mir verloossen also Muer den 30te Januar Saudi Arabien, e Land wat eis immens gutt gefall huet a wou mir ganz léif empfaange gi sinn. Et ass e séchert Land an interessant wat d’Kultur an hir Aart a Weis ze Liewen ubelaangt. Villes ass net esou wéi mir et gewinnt sinn awer d’Leit hei si frou an immens oppen an hëllefsbereet. Egal wou e steet bleiwen si och stoen a froen direkt op alles ok ass oder ob mir Hëllef brauchen. Ech sinn nach ni esou oft a spontan op en arabesche Kaffi oder Iessen invitéiert gi wéi hei. Oft hu si mir oder verschidde Leit aus eisem Grupp d’Geméis oder d’Uebst beim Akafe bezuelt. Einfach léif !! D’Fraen déi natierlech ganz verschleiert sinn hunn ëmmer de Kontakt mat eis gesicht a gefrot wou mir hir kéimen a mat eis Fotoe gemaach. Ech wäert op jiddefalls eng aner Astellung hunn an Zukunft wann ech bei eis esou Frae begéinen a vläicht esou nach besser kenne léieren.

Bis dann zu Abu Dhabi......