Liwa Oase an a Quarantän zu Dubäi

Mir sinn immens frou dass mir beim PCR Test fir d'Ausrees aus Saudi Arabien all negativ sinn an hu geduecht dass mir déi ongewëss Zäit "positiv/negativ" iwwerstan hätten. 

Beim éischte Briefing vun eisem neien Team (Ines, Dima an Arrat) ass et dunn och no vill Wochen emol nees e Glas Schampes ginn 🙂

Um Wee an d'Liwa Oase
Um Wee an d'Liwa Oase

Um Wee an d'Liwa Oase

Wonnerschéin Dünen.
Wonnerschéin Dünen.

Um Wee an d'Liwa Oase

Einstand vun eisem neie Guide dem Dima.
Einstand vun eisem neie Guide dem Dima.

Leider war d'Freed net vu laanger Dauer well op der Grenz fir a d'Emiraten hu mir jo och missen e PCR Test maachen an dee war dunn nees positiv. Och si mir elo schonn zu 5 Camper. Zu Abu Dhabi si se ganz streng an de Risiko mussen an en Quarantän Hotel ze goen war grouss. Eis Guide sinn direkt kontaktéiert gi fir eis Adressen ze kréien. Schnell war decidéiert dass mir (5 Camper begleet vun eisem Team-Auto) weider op Dubäi un de Stand a Selbstquarantän fueren. D'Kontrolle sinn zu Dubäi net esou streng. Hei verbrénge mir elo 5 Deeg um Stand an hoffen dass mir da mat engem negativen Test weider an den Oman kommen. 

Déi grouss Moschee(Abu Dhabi) hu mir nach vu wäitem konnte kucken!

A modern Gebäier. Méi leider net.

Zwou Stonnen duerch Dubäi ze fueren hunn ech gutt gemeechtert!

Um Strand am Quarantän-Camp

Sonnenënnergang emol anescht..
Sonnenënnergang emol anescht..

Sonnenënnergang emol anescht..

Moies fréih hu mir laang Been
Moies fréih hu mir laang Been

Sonnenënnergang emol anescht..


Sonnenënnergang emol anescht..

Um Qasba Canal

D'Vereenescht Arabesch Emirate bestinn aus 7 Scheichtümer. Et besteet eng gemeinsam Aussen a Wirtschaftspolitik mee déi eenzel Emirate gi vun de gewéinlechen Emiren regéiert. Si regéieren hier Gebitter autonom. Och wa mir positiv getest an a Quarantän sinn kënne mir hei am Emirat Sharjah direkt bei Dubäi spadséiere goen. Et ass schonn impressionnant wéi vill Héichhaiser et och hei ginn. 

Moies wann d'Sonn obgeet am Quarantän Camp.
Moies wann d'Sonn obgeet am Quarantän Camp.
Och tweschënd den Héichhaiser eng Moschee.
Och tweschënd den Héichhaiser eng Moschee.
Waterfront!
Waterfront!

Moies wann d'Sonn obgeet am Quarantän Camp.


Moies wann d'Sonn obgeet am Quarantän Camp.

Waterfront

Bye bye Dubäi...
Bye bye Dubäi...

Bye bye Dubäi...

Nach emol iwwert de Bierg...
Nach emol iwwert de Bierg...
e bëssi Uebst op der Strooss kafen um Wee op d'Grenz..
e bëssi Uebst op der Strooss kafen um Wee op d'Grenz..
nach dee leschte Kado um Strand zu Al Aqha vun de Leit.
nach dee leschte Kado um Strand zu Al Aqha vun de Leit.

De PCR Test vum ganze Grupp war elo no bal zwou Wochen negativ a mir si mat positive Gedanken op d'Grenz fir an den Oman gefuer. An eppes méi ewéi dräi Stonnen hate mir et ouni Problemer gepackt.