Shinas bis Muscat

Eisen éischte Wee ass den Hafen zu Shinas wou mir och kënne frësche Fësch kafen 🙂. Weider fuere mir Richtung Sohar mat engem Stopp beim "Liwa Fort" wat immens schéi restauréiert ass. Och hei am Oman gi mir immens léif begréisst wéi dir et op de Fotoe kënnt gesinn. E weidere Stopp maache mir am "Kofferland" wou seid 5000 Joer Koffer ofgebaut gëtt a besichen eng 4600 Joer al "Stufenpyramide" (Zikkurat). Mat vill Fantasie kënne mir se och erkennen. 

Liwa Fort
Liwa Fort

Vue op d'Kofferland (Magan)

Op der Pyramide léif gebréisst.

Zu Wakan engem klenge Biergduerf (wou mir mat Jeepen erop fueren) maache mir eng wonnerschéi Wanderung an Owes schlofe mir um Sawady Beach.

Bei den Tuerm wëlle mir hi mat der Ebbe vum Mier!

Geschafft!

War schonn e wäite Wee!!

Gleich kënnt nees d'Fluut.

Sonnenopgang iwwert dem Golf vum Oman.

Déi nächst dräi Deeg verbrénge mir zu Muskat awer virdru besiche mir nach de Fëschmaart zu Barka, dee ganz nei a modern ass. Och um Wee ass d'Amouage Fabrick wou mir méi gewuer ginn iwwert d'Produktioun vun den deierste Parfumen vun der Welt.

Beim Här hei hu mir 2 gutt Stécker Thon kaf fir 2 Rial (5€)

Hei gëtt den extra gudde Fësch versteet!

Verschidde Joergäng ..
Verschidde Joergäng ..

Verschidde Joergäng ..

E bëssi richen ...
E bëssi richen ...
Ëmmer schéin eng Moschee..
Ëmmer schéin eng Moschee..
an och hei sinn d'Kreesverkéier flott..
an och hei sinn d'Kreesverkéier flott..
D'Fëscher bréngen hiere Fang zrëck....
D'Fëscher bréngen hiere Fang zrëck....
..d'Netzer an d'Booter gi mat Jeepen erausgezun.
..d'Netzer an d'Booter gi mat Jeepen erausgezun.
Am Hafen zu Muskat.
Am Hafen zu Muskat.
Mir schippere mat engem Dau Boot laanscht d'Küüst....
Mir schippere mat engem Dau Boot laanscht d'Küüst....
...bis d'Sonne ënner geet.
...bis d'Sonne ënner geet.

Déi grouss Sultan Qabbus Moschee by night!

An um City Tour gesi mir se och vu bannen!
An um City Tour gesi mir se och vu bannen!
De Gebiedsraum vun de Männer, d'Fraen hunn hire Raum.
De Gebiedsraum vun de Männer, d'Fraen hunn hire Raum.
Royal Opera House Muscat
Royal Opera House Muscat

An um City Tour gesi mir se och vu bannen!


An um City Tour gesi mir se och vu bannen!

D'Regierungsgebäier vum Sultan.

Weihrauchbam!

Spontan gi mir invitéiert op de Kaffi mat Dattelen a Nuddelen. Esou drénken d'Omanis Kaffi moies.

Wann de Schlauch ze déck ass .....

No dësen dräi Deeg zu Muscat mat ville Besichtegungen wéi en Owend an der Oper, déi grouss Moschee, de Souk, eng Bootstour mat enger Dau a villes méi, si mir frou weider ze zéihe Richtung Süden!