Weider an de Süden ...

De Staudamm Wadi Daykah ass impressionnant mat senge 75 Meter héich, 435 Meter laang a gebaut 2012. Ganz flott gemaach mat engem Park a  Pic-Nic Plazen.

Zwou Nuechte verbrénge mir zu Fins Beach an maachen eng vun de spektakulärste Wanderungen am Oman duerch de "Wadi Ash-Shab".

Fir eraus aus Muscat war net einfach no vill Reen Nuets
Fir eraus aus Muscat war net einfach no vill Reen Nuets
Pic-Nic beim Staudamm.
Pic-Nic beim Staudamm.
Rieseg!!
Rieseg!!
Och aner Camper hunn hir Problemer ...
Och aner Camper hunn hir Problemer ...
Awer eng schéi Stellplaz.
Awer eng schéi Stellplaz.

Wadi Ash-Shab

Haut fuere mir awer nach emol an d'Bierger a maachen e Stopp am Wadi Bani Khalid ee vun de schéinste Wadis hei an der Regioun mat sengen natierleche Waasserbecken, Restaurant a Coffee Shop.

Owes schlofe mir direkt bei enger rieseger Dünn. 

Um Wee
Um Wee
en typescht Duerf
en typescht Duerf

Um Wee

Wadi Bani Khalid
Wadi Bani Khalid

Um Wee

An der Wüüst ....

.. op eiser Stellplaz..

..hu sech der direkt dräi agebuddelt ...

De Jang huet nach net dat richtegt fonnt.

Haut war den Dag net laang genuch !! De Moie si mir schonn um 6 :45 fortgefuer fir op e Kaméilmaart zu Sinaw dee just nëmmen Donneschdes ass. Chance dass mir grad hei an der Géigend waren. Just 135 Km méi ze maachen ! Duerno géint 12 :30 eng Visitt vun engem historeschen Duerf mat Souk (Al Minzifa) wat awer zimmlech verlooss ass. Et gëtt lues a lues restauréiert a verschidden Omanis komme weekends end heihinn. Géint 15 :30 komme mir op eiser Stellplaz an der Wüüst u wou siwe Jeepen op eis waarde fir en Tour duerch d’Wüüst. Eng lëschteg Saach wéi sech erausstellt.

Och haut hate verschiddener sech agebuddelt, mir och !!! Eis Sandblecher waren nees voll am Asaz. Bei e puer huet awer och missen e bëssche Loft aus de Pneue gelooss ginn.

Déi huet schonn en neie Meeschter fonnt.
Déi huet schonn en neie Meeschter fonnt.
D'Kaméil muss an de Jeep!
D'Kaméil muss an de Jeep!
Am Schied ass et besser.
Am Schied ass et besser.
Geschafft! Nach schnell eng Foto mam Inès gemaach
Geschafft! Nach schnell eng Foto mam Inès gemaach
Palmeblieder verschafft fir op den Dach vum Haus.
Palmeblieder verschafft fir op den Dach vum Haus.

Al Minzifa

Cool driver!
Cool driver!

Mir folgen dem Laf vun der Küstestrooss. Ënnerwee geet et ëmmer erëm duerch Fëscherdierfer wou mir direkt um Stand pause kënnen an déi schéin Dhau Booter bewonneren. Eng Stellplaz hu mir an der südlecher Wahiba Wüüst. Hei kënne mir och nees e Lagerfeier maachen an den Dima erzielt eis nees eng Geschicht aus « 1000 und eine Nacht »

Sonndes si mir räif fir d’Insel an huelen de Ferry am Hafe Shannah Richtung Masirah Island mat 15.000 Awunner. Wärend der Zäit wou mir op de Ferry waarde gesi mir d’Fëscher zréck kommen déi all Moie mat Dhau Booter fësche ginn. Hei kënne mir wärend 5 Deeg Schnorchelen, Wanderen, Déiere beobachten a relaxen.

Hannerzëch hunn ech missen op de Ferry fueren
Hannerzëch hunn ech missen op de Ferry fueren
Grad zréck vum Fëschen
Grad zréck vum Fëschen

Hannerzëch hunn ech missen op de Ferry fueren

Eng cool Stellplaz ...
Eng cool Stellplaz ...
..mat schéinem Sonnenënnergang
..mat schéinem Sonnenënnergang
Den Ararat präparéiert den Thon...
Den Ararat präparéiert den Thon...
..fir de Grillowend um Beach.
..fir de Grillowend um Beach.
Zwou Stonne Wanderung..
Zwou Stonne Wanderung..
..bei de Liichttuerm.
..bei de Liichttuerm.
Masirah Island! Klein aber fein!!
Masirah Island! Klein aber fein!!

Haut si mir natierlech esou wéi vill Mënschen beonrouegt an traureg doriwwer dass Russland d'Ukrain ugegraff huet. Eis Guide kommen aus Usbekistan a virun allem den Dima kennt d'Ukrain ganz gutt an huet eis vill erkläert iwwert déi joerelaang Konflikter mat Russland.