.....bis Salalah

No dëse puer Deeg si mir awer frou nees weider kënnen ze fueren. E bësschen Zigeinerliewen hu mir jo an eis !! Virun eis läit d’Weihrauchland « Dhofar » mat senge Wadis, Ruine vun ale Kinnegsräicher an natierlech déi endlos Vue vum     « Eidele Véierel ».

All op engem Ferry just fir eis verloosse mir d'Insel Masirah.

Zwou Dhau'en ënnerwee op Fëschfang.

Elo fuere mir awer nach der Küstestrooss no a maachen e Stopp zu Ras Madrakah mat, wéi soll et anescht sinn, enger schéiner Bucht wou d’Fëscher Moies mat de Fësch ukommen. Normalerweis kréie mir Fësch do direkt aus dem Boot a meeschtens geschenkt ! Et ass einfach immens wéi d’Leit hei ëmmer erëm matginn. A si liewe bestëmmt net am Iwwerfloss ! Ewéi schonn esou oft muss ech ëmmer nees méi Bild betreffend dëse Länner, hirer Aart a Weis ze liewen an hir Kultur revidéieren ouni ze vergiessen dass d'Frae verschleiert sinn a mir si net oft op der Strooss gesinn am Dag. Et ass "Männerwelt"

Ënnerwee nach kuurz duerch d'Land ....

...am Stone Garden kann ee senger Fantasie fräie Laf loossen

Ras Madrakah
Ras Madrakah
Moies beim Fëschen.
Moies beim Fëschen.
Spadséieren um Beach.
Spadséieren um Beach.
D'Waasser direkt op d'Stellplaz geliwwert.
D'Waasser direkt op d'Stellplaz geliwwert.
Vill Muschelen op de Fielsen.
Vill Muschelen op de Fielsen.

Um Wee op Shuwaymiah, en Duerf wat och vum Fëschfank lieft, geet et duerch Dhofar Regioun déi ongeféier een Drëttel vum Oman anhëlt. Wäit Deeler sinn entweder Geröllwüüst, Dünen oder un der Küst vum Indeschen Ozean. 

Stengwüüst.

Déi 7336ste Moschee!!

How!

Do war eng Méi lass!!
Do war eng Méi lass!!
En Tour duerch de 
Wadi Shuwaymiah
En Tour duerch de Wadi Shuwaymiah

Do war eng Méi lass!!


Do war eng Méi lass!!


Do war eng Méi lass!!

Den 1te März maache mir eng vun de schéinste Routen. Ab Shuwaymiah geet et duerch d’Jabal Bierger iwwert eng nei Biergstrooss mat dramhafte Kalksteelandschaften.  Zu Mirbat gi mir op eng Schnorcheltour. 

Um Wee op Mirbat...

...mat riesege Stalaktiten...

..an herrleche Vue'en

D'Kaméien hunn hei kee Stress ...

A vun zwee Britten (aus dem wäissen Auto) kréie mir "richtege" Béier geschénkt well si iwwert d'Grenz fueren ...... Eist Gléck!

Schnorcheltour
Schnorcheltour
D'Buerg zu Mirbat
D'Buerg zu Mirbat
Ënnerwee op Salalah
Ënnerwee op Salalah
Och si lafen einfach iwwert d'Strooss
Och si lafen einfach iwwert d'Strooss
Ukomm zu Salalah...
Ukomm zu Salalah...

Zu Salalah (d'Stad vun de Kokosnëss, Bananen a Wäihrauch) verbrénge mir dräi schéiner Deeg um Strand. Flott Iesse goen an d'Stad besichtegen. Bal wéi Vakanz! Den ale Sultan Qaboos huet d'Salalah moderniséiert awer och vill Ales ewechgerappt fir Beach Hoteler ze bauen, wéi z.B. Deeler vum ale Souq! Schued.

Ale Souq

Neie Souq

De Beschte Wäihrauch ass den "Al Hojari"
De Beschte Wäihrauch ass den "Al Hojari"
Op der Strooss gi Bananen a Kokosnëss verkaf
Op der Strooss gi Bananen a Kokosnëss verkaf
Moschee Sultan Qaboos
Moschee Sultan Qaboos

De Beschte Wäihrauch ass den "Al Hojari"

A säi Palais duerfe mir net eran!
A säi Palais duerfe mir net eran!

Wéi et weider geet kënn dir déi nächste Kéier liesen a kucken!