Bandar Abbas bis Persepolis

Eram Gaard

Mir hunn zu Bandar Abbas eng Nuecht am Hotel geschlof well d’Camper nach ënnerwee waren. Nuets war en Äerdbiewe vun der Stäerkt 6 an 160 Km ewech vun eis. War schonn impressionnant. Et ass awer kengem eppes geschitt ausser dass op verschidde Plazen am Hotel de Gips vun der Mauer gefall ass. 

Am Zoll am Hafen zu Bandar e Lengeh waren se zimmlech iwwerfuerdert esou dass mir bal 10 Stonnen op eis Camper gewaart hunn. Et huet mech u Südamerika erënnert. Mee schlussendlech konnte mir owes um 22 :00 Auer mat eise Camper aus dem Zoll fueren.

Wat meng Kleedung betrëfft muss ech meng Hoer bedecke mat engem Schal an eng Blus oder T-Shirt mat laangen Äerm droen. De Rack, d’Jupe oder d’Box muss bis bei den Enkel goen. Ech hu mir et einfach gemaach an eng "Abaya kaf déi ech wéi e Mantel undoe wann ech dobausse bei Leit sinn. Ech mierken awer och dass d’Fraen einfach ¾ laang Jacketten droen a ganz labber e Foulard um Kapp hunn. D’Männer musse laang Boxen droen, den T-Shirt ka kuerz Äerm hunn.

Den Iran huet eng immens héich Inflatioun, 1€ sinn 275.000 Rial. Vun eisem Team hu mir e Startgeld kritt vun 80€ = 22.000.000 Rial. Ech hunn haut zwou Banannen a 6 Tomate kaf fir 270.000 Rial, ass gläich 1€. A wann de Verkeefer dir net ka Suen zréck gi kriss de eben e Stéck Uebst oder eng Séissegkeet. Mir mussen « cash » bezuele well hei eis Kreditkaarten net ugeholl ginn.

Ënnerwee..
Ënnerwee..

Ënnerwee..

D'Moscheeën am Iran hu keng esou héich Mineratten.
D'Moscheeën am Iran hu keng esou héich Mineratten.

Ënnerwee..


Ënnerwee..

Hei esou eng Zetär mam d'Waasser.

Waasser ass och hei wéi op der arabescher Hallefinsel e ganz grousse Problem. Iwwerall gesi mir Zetären aus Stee gebaut wou d’Reewaasser an d’Waasser aus de Bierger opgefaange gëtt. Vill dëser Zetäre gi gesponsert vu räiche Familljen. D’Waasser gëtt geholl fir d’Déieren an d’Felder ze netzen

Haut hu mir getankt. Awer net wéi bei eis wou mir bäifueren a voll tanken. Mir däerfen net tanken a mussen e RV froe bei der Regierung. Dann däerfe mir all zesummen tanke goen. Den Datum an d’Auerzäit kréie mir gesot. Wéi mir ukomme stoungen do 30-40 Camionen ze waarde fir ze tanken. Mir sinn direkt servéiert ginn ! 26 Liter hu mir kritt fir 162.000 Rial, dat sinn 0,02 € de Liter. Den Diesel ass hei subventionéiert.

Stroossemaart.

Him kann näicht méi geschéien!

Witzeg Aueren.

Eng Frae Grupp déi fir d'neit Joer Musek mecht.

Den Iran ass mat ville Sanktioune beluecht an huet et awer fäerdeg bruecht sech selwer ze ënnerhalen. Si produzéiere bal alles wat si brauchen hei am Land. Alles wat aus dem Ausland kënnt ass deementspriechend och immens deier.

Zoufälleg gëtt grad wou mir am Iran sinn dat persescht neit Joer gefeiert den 20te Mäerz. Et ass d’Joer 1401. Dës Feierlechkeeten daueren zwou Wochen. D’Iraner besichen hir Famill a Frënn, maache Kaddoen an iesse ganz vill. Leider wäerten och vill Geschäfter zou si wärend der Zäit.

Eisen éischte grousse Stopp hu mir zu Shiraz. De Numm kenn dir bestëmmt vum  Shiraz Wäin. Zënter der Revolutioun (1979) ass et verbueden Alkohol ze produzéieren an ze drénken.

Mir ginn immens léif iwwerall empfaange wéi op eiser ganzer Rees. Beim éischte Bäcker wou mir e gutt Fladebrout wëlle kafen hu mir et esouguer geschenkt kritt als Welkommens Kaddo. Oft héiere mir : Khosh amadid, häerzlech Wëllkomm !

De Bannenhaf bei d'Graf vum Imam Reza...
De Bannenhaf bei d'Graf vum Imam Reza...
...wou bannendran alles komplett verspiegelt ass!
...wou bannendran alles komplett verspiegelt ass!
Graf vum Dichter Hafez.
Graf vum Dichter Hafez.
Am riesege Bazar.
Am riesege Bazar.
An e Besuch an der Festung.
An e Besuch an der Festung.

Dëse Bäcker mescht ...

... e gutt Fladebrout.

No der flotter Stad Shiraz geet et weider op Persepolis (Stadt der Perser) warscheinlech déi bekannsten Ausgruewungen vum Iran. Duerch d'Neit Joer sinn immens vill Leit hei mee eise Guide de "Jafar" huet eis mat vill interessanten Informatiounen derduerch gefouert. Flott dass de Jafar eis déi zwou Woche begleet.