Yazd bis Isfahan

Op  eisem Wee Richtung Yazd maache mir nach zwou Besichtegungen:

  • Naqshe Rustan, Fielsgriewer vun de persesche Kinneken Xerxes I, Artaxerxes I an Dareios II.
  • Pasargarde d'Graf vum Kyros de Grënner vum éischte grousse Räich vun der Weltgeschicht. 

Naqshe Rustan

Graf vum Kyros

E Männerdanz dee mir hei ganz oft gesinn.

Beim eelste Bam vun der Welt (4000 Joer) ...

...maache mir eng Paus..

...virun dass mir iwwert de Bierg fueren op Yazd

Owes kënne mir nach flott iesse goen no bei eiser Stellplaz

Zu Yazd (och bekannt weinst senge Gäert mat Granatäppel) besiche mir mam Jafar verschidde geschichtlech Sitten. Als éischt "Türme des Schweigens". Do hun d'Zoroastrier bis 1960 hir Doudeg ob e Bierg mat enger Rëngmauer bruecht wou se da vun de Geier gefriess gi sinn. D'Schanke sinn dann an der Mëtt vum Krees an e Lach geluecht gin. Si waren der Meenung dass déi Doudeg d'Äerd beschmotze wann se do verweesen. Fir si war de Kierper net méi wichteg wann de Mënsch bis dout ass. War impressionnant. Duerno gi mir nach bei de Feiertempel (d'Feier brennt schonn e puer honnert Joer). D'Freidegmoschee a spadséieren duerch d'Alstad steet och nach um Programm.

Iwwert Diecher vun der Alstad gesäit een Wandtierm
Iwwert Diecher vun der Alstad gesäit een Wandtierm

Ob de Griewer sinn nëmme Fotoe vun de Männer. Déi lescht Joeren huet och dat geännert.

Schwéier Arbecht mam Wiefstull.

Karavanserai zu Maibad

Chak-Chak eng beléifte Pilgerplaz.

Schéine Restaurant zu Maibad.

Schéi Molereien am Palast Chehei Sotun mat de 40 Säilen.

Isfahan (ob persesch Esfahan ausgeschwat) läit op 1500 Meter. Et ass eng Stad mat immens villen türkisfaarwege Kuppelen, wonnerschéi Gäert a Paläst. Duerch Stad fléisst den Zayandeh Rud Floss deen am Fréijoer vill Waasser bréngt. Elef Brécke féieren iwwert dëse Floss. Nach ass Vakanz an et sinn nach ëmmer vill iranesch Touristen ënnerwee.

Priedegstill aus dem 11te Joerhonnert.
Priedegstill aus dem 11te Joerhonnert.
Alles aus Plättercher gemaach.
Alles aus Plättercher gemaach.
Meydan-e Imam Plaz.Hei gëtt och Polo gespillt!
Meydan-e Imam Plaz.Hei gëtt och Polo gespillt!

Priedegstill aus dem 11te Joerhonnert.

D'Freidegmoschee.
D'Freidegmoschee.

Um Bazar...

...

...

Den iraneschen Nutella.

Meydan-e Imam Plaz ass touristesch.

Si o se pol Bréck mat 33 Béi by night.

Och hei gëtt et gudde...

Kaffe a Kuch...

An Owes et flott Iesse bei enger armenescher Famill!!

No dräi Deeg Isfahan fuere mir weider op Teheran, d'Haptstad vum Iran.