Teheran bis Maku, d'Grenz zur Türkei

Azadi Plaz, Warzeche vun Teheran.
Azadi Plaz, Warzeche vun Teheran.
Golestan Palast
Golestan Palast
Spigelzëmmer am Palast Golestan.
Spigelzëmmer am Palast Golestan.
Vue vum neien Turm Millad.
Vue vum neien Turm Millad.
Mausoleum vum Khomeini by night.
Mausoleum vum Khomeini by night.

Vun Teheran fuere mir weider op Zanjan a spadzéieren iwwert de Bazar aus der Zäit vun den Safawiden. Et ass ee vun de gréissten iwwerdéckte Bazar'en.

Déi lescht grouss Stad virun der türkescher Grenz ass Tabriz an der Provënz Ost-Azerbeijan. Mir fueren duerch en immens schéine fruchtbaren an landwirdschaftlechen Dall.

De Bazar zu Tabriz zou wéinst dem Feierdag.

Tabriz ass fir mech net déi flottste Stad mee eis Stellplaz ass an enger Parkanlag esou dass mir vill iranesche Besuch kréien. Dat Gespréich : Wëllkomm am Iran ! Wéi gefält et iech hei ? Vu wou komm dir ? Däerfe mir an ären Auto kucken (dat heescht erakommen an alles genau checken) Däerfe mir Fotoe mat iech an de Kanner maachen asw.

Heiansdo ass et ustrengend well si nëmmen e puer Wierder englesch kënnen a mir mat Hänn a Féiss schaffen. Einfach ass et wann hir Kanner iwwersetzen. Ech weess awer elo schonn dass mir déi immens Frëndlechkeet a Virwëtz wäerte vermëssen an eiser westlecher Welt.

Muer ass hei dee ganz grousse Feierdag, den 13ten Dag nom Neijoerschdag! Do ginn ALL d’Iraner Pic-Nic’en. Dat maachen si souwisou oft an egal wou. Si hunn ëmmer hiert Zelt, eng Matt, den Teppech an e puer Këssen dobäi. Dat ass méi wichteg am Auto wéi d’Éischt Hëllef Këscht ! Muer ass et awer ganz wichteg dee Feierdag mat der Famill an de Frënn ze verbréngen.

Fir eis ass Muer de leschten Dag am Iran. Den 3ten Abrëll fuere mir zu Maku iwwert d’Grenz op Erzurum an der Türkei. Déi bal véier Méint am Orient wäerte mir esoubal net vergiessen. Déi ganz Rees huet mech zu engem ganz aneren Denken iwwert d’arabesch Kultur a Gebräicher vun de Leit ugereegt.

Musée iwwert d'Dichter vun Tabriz.
Musée iwwert d'Dichter vun Tabriz.
Karavanserei, do hu fréier d'Karavanen iwwernuecht.
Karavanserei, do hu fréier d'Karavanen iwwernuecht.
Déi Blo Moschee, bausse gro ...
Déi Blo Moschee, bausse gro ...
.. banne war se emol blo!
.. banne war se emol blo!
Ganz speziell beim Metzler.
Ganz speziell beim Metzler.

Pic-Nic'en ass Traditioun ..

.. genau wéi Zelten.

Den Dag haut war wierklech geprägt vum 13 Dag am neie Joer deen d'Iraner an der Natur feiere mat Pic-Nic, Iessen, Drénken, Danzen, Ball spillen ..... einfach zesumme sinn. Fir Neijoerchdag gëtt en Desch mat 7 Saache gemaach déi all musse mat engem "S" ugoen. Z.B. Gewürzer, Knuewleck, Goldfësch, Uebst, Nëss an e Stack wat ausgesäit wéi e Brazelstack. Dee gëtt den 13 Dag mat an d'Natur geholl an do entsuegt. Leider oft op der Strooss. Mir hunn der bestëmmt 30 iwwerannt!

Hei déi lescht Fotoen aus dem Iran.

De Brazelstack hannert de Wicher geklemmt...

...oder um Dag...

...an da flitt en op d'Strooss.

Pic-Nic

Pic-Nic

a Pic-Nic

Nach e bëssi Kultur Armenescht Klouschter St. Thaddeus

Ëmmer nees Hierte mat de Schof.

An och d'Jungs hate Freed um Danzen...