Erzurum bis Kappadokien

D'Türkei huet eis begréisst mat vill Wand a Schnéi. No fënnef Stonnen fir iwwert d'Grenz Iran/Türkei ass eis éischt Stellplaz an engem beléifte Schiigebidd "Erzurum" wat awer och soss vill Kultur ze bidden huet.

Isak Pascha Palast..

..dat türkescht..

..Neuschwanstein Schlass

Festung zu Erzurum
Festung zu Erzurum

Festung zu Erzurum

Muséé iwwert Anatolien an der Moschee
Muséé iwwert Anatolien an der Moschee
Al Griewer
Al Griewer
Medrese (Koranschoul)
Medrese (Koranschoul)

Eise Camping hat e Wellness mat Knabberfësch!

Speziele Kierfescht ënnerwee.

Nach eng kleng Reperatur.

Wonnerschéi

Landschaften

Eise Guide de Levent zielt eis

zu Sivas interessantes iwwert

d'Medrese (Koranschoul) "Gök"

Eis Route féiert eis op Hattuscha (Bogazgake) wou mir d'Ausgruewunge vun den Hethiter besichen. De Levent wees vill ze zielen wéi déi hei am 3te Joerdausend gelieft hunn. D'Ruine leien op 1125 m a sinn als Kulturdenkmal op der UNESCO Lëscht vermierkt. 30.000 Tountafele mat Käilschrëft hunn se hei fonnt a konnten esou villes iwwert d'Hethiter erausfannen.

Eng kleng Paus muss och sin.

Haut den Owend um Briefing kréie mir dat lescht Roadbook fir op Göreme (Kappadokien) wou dës Rees ofiziell op en Enn geet. Véier wonnerschéi Méint mat villen Impressioune leien hannert eis. 

Mandelbeem an der Bléi.
Mandelbeem an der Bléi.
Tuffsteenhäiser
Tuffsteenhäiser

Mandelbeem an der Bléi.

..an Fielswunnengen zu Göreme a Kappadokien
..an Fielswunnengen zu Göreme a Kappadokien
Do war dach eppes, ahjo!
"Iwwerwanteren am warmen Orien
Do war dach eppes, ahjo! "Iwwerwanteren am warmen Orien
A mir kënne mam Heisloftballon fueren!
A mir kënne mam Heisloftballon fueren!

A mir kënne mam Heisloftballon fueren!


A mir kënne mam Heisloftballon fueren!


A mir kënne mam Heisloftballon fueren!


A mir kënne mam Heisloftballon fueren!

Am Pasabagi Dall!

Ënnerierdeg Stad mat 8 Stäck déif zu Gaziemir wou bis zu 10.000 Leit konnte wunnen...

..alt 3-4 Méint wann se ugegraff gi sinn.

Wanderung duerch d'Ihlara-Schlucht.

Witzeg Poubelle

Mir sinn esou e coole Grupp.....

Elo ass och dës wonnerschéi Rees zu Enn a mir maachen eis op den Heemwee. Wéi ëmmer loosse mir eis Zäit dofir an ech soen elo schonn MERCI fir all déi léif Messagen déi mir iwwert Whats'up, SMS oder eis Homepage kritt hunn.......

.... an déi nächst Aventure kënnt bestëmmt!