Iwwert d'Schwäiz bis Makarska

No dräi Méint si mir nees on Tour a besichen eis Frënn an der Schwäiz, d’Mareike an de Robert. Mir hunn dës léif Koppel op eiser Rees an den Oman kenne geléiert. Zu Merishausen verbrénge mir zwee schéiner Deeg mat hinnen a fueren duerno weider duerch d’Schwäiz, Italien, Slovenien a Kroatien. Den 10te September komme mir zu Zagreb u wat d’Haaptstad vu Kroatien ass. Een Dag spadséiere mir an dëser Stad déi ganz flott ass mat de Parken, historesche Gebaier a coolen Terrassen.

NP Plitvicka
NP Plitvicka

NP Plitvicka


NP Plitvicka


NP Plitvicka


NP Plitvicka

D'Meteo ass de Moment ganz schlecht a mir decidéieren fir am Camping beim NP Paklenica ze bleiwen bis dat sech beruegt!

Fott Statu zu Senj.

Um Wee op Paklenica.

De 17te fuere mir weider an de Süde mat der Hoffnung dass d’Wieder besser gëtt. De Moment ginn et ëmmer nees Reeschauere mat ganz vill Wand.

D’Gléck ass op eiser Säit an e Sonndeg ass super Wieder a mir maachen e flotten Tour mat der Vespa op Sibenik a verschidde kleng Buchten. Kroatien gefält eis bis elo immens gutt mat all den Inselen an d’Leit si frëndlech.

Hei gi Mulle geziicht.

Marina zu Biograd

Cathedral zu Sibenik.
Cathedral zu Sibenik.
Vue vun der Buerg.
Vue vun der Buerg.
Kleng Bucht ...
Kleng Bucht ...
.. mat Vakanzenhaiser.
.. mat Vakanzenhaiser.
Sonnenënnergang um Camping.
Sonnenënnergang um Camping.
Promenade zu Primosten.
Promenade zu Primosten.
Hei däerf een net zevill drénken!
Hei däerf een net zevill drénken!
Primosten!!
Primosten!!
Am Gespréich mam Fëscher.
Am Gespréich mam Fëscher.

D'Alstad vu Split mat hire klenge Gaassen.

Gemittlech fuere mir weider an de Süden op Split. De Camping ass "complet" a mir kréien nach just eng Plaz wat eigentlech keng ass!! Den Dag drop solle mir op eng offiziell "zügelen" géingen ons Schwäizer Frënn soen. Mee schlussendlech ass d'Plaz net esou schlecht. Mir hu vill Sonn, d'Plage ass nobäi a mir si souwisou déi zwee Deeg zu Split. Flott ass dass mir mat der Vespa mobil sinn an iwwerall hikommen.

Split .....
Split .....

Split .....


Split .....

Eng vun den Haaptdire fir an d'Stad.
Eng vun den Haaptdire fir an d'Stad.

Split .....

Am Musée vum Ivan Mestrovic.

Kroatesche Sculpteur

D'Küststrooss schlängelt sech tëschent de Biokovo Bierger an der Makarska Riviera laanscht Buchten, Fjorden a kleng Fëscherdierfer. D'Bierger halen de kale Bora Wand zréck a suergen dofir dass d'Klima hei ganz angeneem ass. Hei ass et einfach schéin. 

Kleng Bucht bei Makarska

Makarska Promenade

Makarska Duerf