Makarska-Dubrovnik-Kotor-Heem

Relaxe Strand zu Orebic

Eigentlech wollte mir op der Küstestrooss bleiwe sinn awer zu Ston stoe bliwwe fir zwou Nuechten. D'Wieder ass nach ëmmer e bëssi onbestänneg. Aus enger Idee eraus si mir vu Ston aus weider op d'Insel Peljesac gefuer. Dës Insel ass och ouni Ferry erreechbar. Zu Orebic hu mir an engem super flotte Camping agecheckt. Hei bleiwe mir elo e puer Deeg a kënnen d'Insel flott mat der Vespa kenne léieren.

Déi nei Bréck bei Ston.
Déi nei Bréck bei Ston.
Stadmauer zu Ston.
Stadmauer zu Ston.
Uewen ukomm mat Vue op Ston an d'Salzfelder!
Uewen ukomm mat Vue op Ston an d'Salzfelder!
Um Wee op Peljesac.
Um Wee op Peljesac.
Top Plaz um Camping bei Orebic.
Top Plaz um Camping bei Orebic.

Mam Ferry op Korcula ze fuere war definitiv eng gutt Idee. D’Griichen, d’Réimer an d’Slawen hun des Insel gepräägt an d’Gebaier sinn erstaunlech gutt erhalen. Zréck op Orebic si mir nach bis erop op d’Spëtzt gefuer an um Retour nach e Stopp beim Klouschter mam schéine Kierfecht gemaach.

Korcula...

...mat ville klenge Gässelen.

Kathedral Sv.Marka.

D'Klouschter....

...mam Kierfecht wou vill Kapitänsgriewer sinn.

Herrlech Vue .....

Den 1ten Oktober si mir zu Dubrovnik ukomm an hu bei herrlechem Wieder d'Musée'en an d'Gässelcher vun der Alstad gemaach.

En Typ vum Onka huet ...

...eis nach a Montenegro op Kotor gefouert.

Lues a lues maache mir eis op de Wee fir Heem. Och nees laanscht d'Küst well et einfach immens schéin ass. Mat e puer aner Stoppe wéi op der Hallefinsel vu Pag. Zu Kolan hu mir e schéine Camping fonnt wou mir nach zwee Deeg bleiwen

An der Alstad vu Zadar.
An der Alstad vu Zadar.
An am Ferry Hafen vu Zadar.
An am Ferry Hafen vu Zadar.
Apero ganz eleng um Strand zu Kolan.
Apero ganz eleng um Strand zu Kolan.
De Sonnenënnergang ëmmer nees schéin!
De Sonnenënnergang ëmmer nees schéin!
D'Halefinsel Pag ass ganz speziell ....
D'Halefinsel Pag ass ganz speziell ....
Mam Ferry vu Pag zréck un d'Festland.
Mam Ferry vu Pag zréck un d'Festland.
Op engem Schëff ass ëmmer flott.
Op engem Schëff ass ëmmer flott.
Och hei kommen d'Faarwe vum Hierscht!
Och hei kommen d'Faarwe vum Hierscht!

Och dësen Tour geet op en Enn an e soen iech all Merci fir är léif Messagen. Duerch de Südtirol mat Stopp zu Bozen si mir de 15ten Oktober nees doheem.