Medinaceli
No féier Wochen huet eis d’Reesféiwer nees gepackt ! D’Fro war « wou kënne mir de kalen a fiichte Wanter verbréngen » ? Esou ass eis d’Idee komm fir a Marokko ze fueren. D’Kinneksstied hunn eis schonn ëmmer interesséiert a bestëmmt ass et do am Süde waarm ! Och ass Marokko franséisch sproocheg esou dass mir do kee Problem hunn eis ze verstännegen.
De 17te November si mir lassgefuer fir direkt scho 550 Km ze maachen. Bei Orleans hu mir un der Loire op enger Stellplaz geschlof. Et ass net vill Trafic esou dass mir och den zweeten Dag gutt viru kommen. No 560 Km schlofe mir hannert Toulouse zu Saint Lys op engem Camping. Witzeg ass dass d’Duechter vum Proprietär Affekot ass an zu Lëtzebuerg schafft a wunnt mat sengem lëtzebuergesche Mann deen och Affekot ass. Fir Chrëschtdag kréie si e Bebe. Schéin !
Bannen enger Woch si mir praktesch riicht erof op Algeciras bei Gibraltar gefuer (2.500 Km). Ënnerwee zu Medinaceli treffe mir nach d’Ingrid an den August aus Wien déi mir op der Omanrees kënne geléiert hunn a verbréngen e flotten Owend. Nach eng Visitt zu Cordoba a weider.
Dee schéine Bou vu Medinaceli.
Lëschtegen Owend.
Problemlos geet et mam Ferry a Marokko (zwou Stonnen). Den Zoll war da leider net esou lëschteg. Als éischt hu mir missen duerch de Scanner fueren a schlussendlech beschlagnamen d’Beamte meng Dron. Et ass verbueden eng Dron matzehuelen a Marokko ouni Geneemegung. An dräi Méint kann ech se nees ofhuele wa mir zréck fueren. Schued ech hätt gär am Atlas e puer schéi Fotoe gemaachen.