Mir bleiwen elo emol e bësschen am Süde

vu Marokko

En vue vun de Feierdeeg si mir nees zréck op Tifnit gefuer wat 30 Km virun Agadir läit. Zu Agadir gëtt et och e grousse Carrefour wou mir alles fanne wat mir fir déi nächst Deeg brauchen. De Camping "Les Palmeraies" zu Tifnit ass einfach eng "Oase" mee kuckt selwer!

Klenge Wéier
Klenge Wéier
Schéi grouss Plazen
Schéi grouss Plazen
D'Poubelle ginn eidel gemaach
D'Poubelle ginn eidel gemaach
Bungalow'en a verschidde Gréisten
Bungalow'en a verschidde Gréisten

En Ausfluch op "Sidi Bibi" an "Tifnit Plage" 

Mir wënschen iech ganz schéi Chrëschdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer 2023

No Chrëschtdag gi mir nees on Tour weider an de Süden. Um Wee maache mir Halt beim  Brahim zu Tiznit. D’Luedegerät vum Dyson ass bei der Iwwerspannung vum Elektresch och futti gaang. Vläicht kann hien dee flécken. Um Retour huele mir e nees mat virun dass mir an de klengen Atlas fueren.

Wonnerschéin an der Bléi.
Wonnerschéin an der Bléi.
Camping zu Mirleft "Erkounte Park"...
Camping zu Mirleft "Erkounte Park"...
...direkt beim Atlantik. Do si mir och Sylvester.
...direkt beim Atlantik. Do si mir och Sylvester.
Beach Restaurant bei den "Arc de Legzira"
Beach Restaurant bei den "Arc de Legzira"
De Klengen.
De Klengen.
De Groussen.
De Groussen.
Si warden op d'Client'en.
Si warden op d'Client'en.
D'Moulle kann een sech hei selwer plécken.
D'Moulle kann een sech hei selwer plécken.
Vue op Sidi Ifni.
Vue op Sidi Ifni.
An nach e Liichttuerm wou och nach Leit wunnen.
An nach e Liichttuerm wou och nach Leit wunnen.

Vun der Küüst fuere mir nees 30 Km an d'Land op Guelmim. Um Wee läit das klengt Duerf Mesti. Hei sollt et eng Kooperativ gi wou nëmme Fraen de kostbaren Argan Ueleg maachen. D'Beem hu mir schonn um Wee gesinn. Si gläichen den Olivebeem. Leider ass se zou! Corona! De Buttek ass nach do an hei kafen ech och den Ueleg deen och fir ze kachen ass.

Um Wee Plantage vu Fiegekaktussen.
Um Wee Plantage vu Fiegekaktussen.
Buttek zu Mesti. Et gëtt Ueleg an aner Produkter wéi Hunneg.
Buttek zu Mesti. Et gëtt Ueleg an aner Produkter wéi Hunneg.
D'Hierte mat hire Schof sinn oft ënnerwee.
D'Hierte mat hire Schof sinn oft ënnerwee.
D'Entree vun der Wüstestad Guelmim.
D'Entree vun der Wüstestad Guelmim.

Mam Momo, Proprietär vum Camping Touareg, besiche mir de Musée an d’Palmeraie zu Asrir, e klengt Duerf an der Wüüst.


Et beréiert mech ëmmer nees wéi d’Leit hei liewen, ouni genuch Waasser a keng organiséiert Entsuergung vum Dreck. Villes gëtt einfach op d’Strooss gehäit. Mir mussen et akzeptéiere mee dru gewinne kënne mir eis net.


Positiv ass dass all klengt Duerf eng Schoul huet, all gréisser Stad e Lycée an oft och international Schoulen.

De Momo

En Dag um Strand

Silvester gëtt zu Mirleft am « Erkounte Park » gefeiert, e ganz gutt gefouerte Camping um Atlantik. Mir sinn extrem iwwerrascht vun der Organisatioun an der Qualitéit vum Iessen. Vun enger lokaler Grupp si mir empfaange ginn a fir d’Stëmmung huet en DJ gesuergt. Et ass gedanzt gi wéi d’Fatz um Bengel !!

Mir wënschen iech all e glëcklecht neit Joer 2023
Mir wënschen iech all e glëcklecht neit Joer 2023