Iwwer den "Anti-Atlas" an d'Wüüst

an zréck un den Atlantik/Tifnit

No de Feierdeeg si mir nees frou on Tour ze goen a fueren an den Anti Atlas, dat heescht als éischt d’Luedgerät beim Brahim ofhuelen  zu Tiznit an da geet et weider op Tafraoute. De Wee schlängelt sech bis op 1200Meter erop op de « Col du Kerdous » mat immense Vue’en a bizare Stengformatiounen.

Tafraoute (op 1000 Meter) ass d’Häerz vum Anti Atlas mat gefleegten Haiser, neie Stroossen, grénge Palmen an enger wonnerbarer Biergkuliss. Wann der gutt kuckt kënn dir « Tête du Lion » erkennen op enger vun de Fotoen !

Tafraoute
Tafraoute
Vue vum Camping zu Tafraoute
Vue vum Camping zu Tafraoute
De Metzler ass ëmmer speziell
De Metzler ass ëmmer speziell
Tafraoute ass Stad vun den Dattelen
Tafraoute ass Stad vun den Dattelen
An der Maison Touareg
An der Maison Touareg

Um Wee op Taroudant fuere mir duerch kleng Dierfer a begéinen de Nomade mat hire Geessen a Schof. D’Nomaden hunn hier Zelter einfach op der Gewaan stoen oder no bei de Fielsen.

Bei Tizourgane ass eng Speicherbuerg «Agadire» aus dem 13. Joerhonnert. Ganz schéi renovéiert. D’Leit konnten hei hir Kären, Uerkunden, Waffen an de Familljebesëtz versuergen. All Famill hat eng Kummer mat engem Schlass. Si war och eng Zoufluchsplaz fir d’Duerfleit wann d’Berberstämm sech bekricht hunn. Eng héich Rengmauer geet ronderëm an iwwert eng Trapp kënnt een eran. Leider war déi grouss Part zou! Mir gesinn der ëmmer nees ënnerwee mee déi meescht sinn nach just Ruinen.

Tata läit nach méi am Süde schonn no bei der Grenz vun Algerien. Fir dohinn ze komme musse mir awer nees iwwer den Anti Atlas fueren.

Tata läit nach méi am Süde schonn no bei der Grenz vun Algerien. Fir dohin ze komme musse mir awer nees iwwer den Anti Atlas fueren. Hei maache mir eng schéi Wanderung duerch d’Palmeraie vun Tata bis an d’Duerf Agadir Lehne. D’Palmeraie gëtt duerch Waasserkanäl bewässert. Hei gëtt et eng historesch Waasserauer zënter 500 Joer. Si reegelt d’Verdeelung vum Waasser an der Palmeraie. Et ass eng Schuel déi an engem Faass mat Waasser schwëmmt. D’Schuel huet e winzegt Lach duerch dat Waasser an d’Schuel kënnt. Genau no 45 Minutte geet d’Schuel ënner an da gëtt en anere Kanal op gemaach wou da Waasser an en aneren Deel vun der Palmeraie fléisst. Genial! Leider war d’Steenhaus wou se dran ass haut zou !

E Wee duerch d'Palmeraie
E Wee duerch d'Palmeraie
Kanäl
Kanäl
De Mausoleum zu Agadir Lehne
De Mausoleum zu Agadir Lehne
Schéi Vue...
Schéi Vue...
...op d'Palmeraie
...op d'Palmeraie
De Labyrint am Duerf Agadir Lehne
De Labyrint am Duerf Agadir Lehne
De Kierfesch ass wéi op der arabescher Hallefinsel.
De Kierfesch ass wéi op der arabescher Hallefinsel.

No dräi Deeg Tata hu mir nees Loscht ze fueren, an zwar geet et weider op Zagora. Lenks begleet eis den enorme Biergmassiv «Djebel Bani» a riets läit d’Grenz vun Algerien. Um Wee kucke mir eis nach d’Waasserfäll vun Tissinnt un. Et huet hei schonn esou laang net méi gereent dass vun de Waasserfäll net méi vill iwwereg ass. An zu Zagora fale mir op e coole Camping ëmgi mat risege Palmen. Bei all Plaz läit en Teppech mat geflechte Palmeblieder an e klengen Dësch fir de Peffermënz Téi ze genéissen. De Proprietär ass e Berber a KEE Marokkaner ! seet hien ons. Owes gi mir a sengem Restaurant mat enger Tajine an engem gudde Glas Wäi verwinnt.

E schéinen Dag zu Zagora.

Cool Campingplaz.
Cool Campingplaz.
Entrée vum Camping zu Zagora.
Entrée vum Camping zu Zagora.
Prett fir an d'Wüüst!
Prett fir an d'Wüüst!
D'Jeepe fir an d'Wüüstentour.
D'Jeepe fir an d'Wüüstentour.
Klenge Garage fir den Check vun de Jeep'en
Klenge Garage fir den Check vun de Jeep'en

Nach e puer Kilometer an d’Wüüst an da geet et awer nees a Richtung Norden op Ouarzazate. D’Stréck féiert eis duerch d’Drâa Dall mat Palmen a Kasbah Dierfer aus Leem gebaut.

De Pass dee mir fueren heeschtTizi n’Tinififft (1660 Meter) an ass wierklech schéin.

Leider huet et dräi Joer net méi richteg gereent, soen d’Leit ! A mir gesinn eidel Flëss an och Palmen déi verdréchend sinn.

Nee! Meng Fra ass net ze verkafen ...
Nee! Meng Fra ass net ze verkafen ...
Berber Bäckerei, d'Madamm wollt net fotograféiert ginn.
Berber Bäckerei, d'Madamm wollt net fotograféiert ginn.
Vallée du Drâa
Vallée du Drâa

An an ëm Ouarzazate si Filmer wéi Laurence d’Arabie, Die Päpstin, Gladiator gedréit ginn. Et ginn eng Rei Filmstudio’en déi ee ka besichen. Mir konzentréieren eis op d’Kasbah Taourirt déi mir mat engem einheimesche Guide visitéieren. Den Dag schléisse mir of mat engem gudden Iesse beim « Chez Sabrine » op der Terrass

Kasbah Taourirt
Kasbah Taourirt
Am Souk...
Am Souk...
...gëtt et vun Allem!
...gëtt et vun Allem!
Schéi Vue vun der Terrass op déi roueg Stad Ouarzazate
Schéi Vue vun der Terrass op déi roueg Stad Ouarzazate

Haut fuere mir an d’Gorges du Dadès am Héijen Atlas. Eigentlech war Strooss ganz gutt ze fueren a mir wollten eng Schläif maache fir duerch d’Gorges du Todra nees zréck Richtung Ouarzazate. D’Strooss ass ëmmer méi schlecht ginn an d’Dierfer ëmmer méi dreckeg an zerfall. D’Leit an och d’Kanner wénken eis wéi ëmmer awer d’Strooss ass voller Lächer a schlussendlech nach just eng « Gravel Road ». Net ze fuere fir eise Camper !! Mir mussen dréien an nees zréck fueren. Et war e laangen Dag ze fuere mat 7,5 Stonnen. Trotzdeem si mir net enttäuscht ginn an haten e schéinen Owend beim Idriss a sengem Camping Hôtel.

IMG_1650 (2)
IMG_1667 (2)
IMG_1672 (2)
IMG_1693 (2)
IMG_1689 (2)
IMG_1708 (2)
IMG_1728 (2)
IMG_1717 (2)
IMG_1735 (2)
IMG_1734 (2)
De Jbel Sarhro
De Jbel Sarhro
Vill Minaretten hu Lokatären.
Vill Minaretten hu Lokatären.
Wann d'Sonn ënner geet....
Wann d'Sonn ënner geet....
Les jardins de Dadès.
Les jardins de Dadès.
Si trasportéieren alles.
Si trasportéieren alles.
Si och ...
Si och ...
Taxi Stand.
Taxi Stand.
D'Uebst keeft een op der Strooss.
D'Uebst keeft een op der Strooss.

An de Bierger war et déi zwou läscht Wochen trotz der Sonn frësch. Moies 5 Grad!! Owes a Moies hu mir ëmmer déi kleng elektresch Heizung un a spueren domat och nach Gas. Duerfir zitt et eis nees un d’Küst op Tifnit bei de Michel. Säi Camping ass einfach schéin. Elo hu mir nach 5 Woche fir vun Agadir bis op Tanger Med wou mir de Ferry nees huele fir Spuenien.