Um Wee op Tanger Med


De Wee laanscht d’Küst loosse mir et relax ugoe well mir hu jo nach gutt Zäit. Zu Agadir maache mir just e kuerze Stopp fir duerch d’Marina ze trëppelen an checken méi spéit um Camping zu Taghazoute an. Wéi den  Zoufall et wëllt sinn do och de Jens an d’Vera mat deene mir Silvester schonn zesumme waren. E lëschtegen « Gin Tonic a Pastis Owend » huet sech natierlech ugebueden !!! Moies, e bëssi méi spéit wéi soss !, geet et weider Richtung Essaouira.

IMG_1822 (2)
IMG_1823 (2)
IMG_1824 (2)
IMG_1843 (2)
IMG_1848 (2)
PMFF6691
IMG_1854 (2)
IMG_1876 (2)
IMG_1901_Imessouane (2)
IMG_1913_Argan (2)
IMG_1917 (2)
IMG_1927 (2)

Essaouira, d’Stad vum Wand !, Hei ass den Treff vun de Surfer ! Fir eis ass et eng ganz propper Stad mat enger flotter Medina wou mir e puer Stonne verbréngen. Och hei gi mir net agresséiert oder zum Kafe genervt. De Camping bei Ounagha ass top ! An der Natur duerfir heescht en och « Esprit Nature » a gëtt gefouert vum Séverine a Patrice.

IMG_1966 (2)
IMG_1942 (2)
IMG_1956 (2)
IMG_1937 (2)
IMG_2001 (2)
IMG_1977 (2)
IMG_1985 (2)
IMG_1986 (2)

No dräi Deeg maache mir eis op de Wee fir endlech Marrakesch (d’Stad vun 1000 an enger Nuecht) ze besichen. Et ass holperesch lassgaange well mir déi falsch Strooss erwëscht hunn. Eng Stonn « gravelroad » ! Awer duerch schéin ugeluechte Felder. Op der N9 dann awer méi schnell ënnerwee.

MARRAKESCH

Direkt wéi mir ukomme geet et mat der Navette vum Camping op d'Djemaa el-Fna Plaz. Fréier, ëm 1050, sinn hei ëffentlech Hiriichtunge gemaach ginn. Haut ass hei richteg eng Lass vu Moies bis spéit an d'Nuecht. Schlangebeschwierer, riseg Uebststänn mat frëschem Jus, Iessstänn am fräien an natierlech ronderëm Terrassen a Restauranten.

Den zweeten Dag eng Visite guidé och vum Camping aus wat natierlech immens prakteg ass. Um Programm: Jardin Majorelle, e wonnerschéine Gaart deen den Yves Saint Laurent mat sengem Partner kaf a restauréiert huet. Dozou gehéiert och e Berbermusée wou ech awer keng Fotoen hunn däerfe maachen. Leider! De Musée vum Yves Saint Laurent. De Palais Mnebhi an d'Griewer vun de Saadier.

IMG_2036 (2)
IMG_2029 (2)
IMG_2053 (2)
IMG_2073 (2)
IMG_2086 (2)
IMG_2094 (2)
IMG_2099 (2)

Fazit ass: Marrakesch ass esou eng lieweg Stad a mir hunn déi ganz Ambiance genoss vun all de Famillje mat hire Kanner (et war och elo grad Vakanz). Am Souk, wou vill Leit eis gesot hunn et wär extreem mat den opdréngleche Verkeefer, si mir esou relax derduerch spadséiert an hunn eis op hir Aart a Weis agelooss a vill gelaacht iwwert: Bonjour Monsieur  Moustache et Madame la Gazelle!!! C'est pas chère .... Komm nur mal kurz schauen .... alles billig .... etc etc 

Wéi esou oft träntele mir moies a kommen net fréi fort aus Marrakesch. Nach an de Carrefour an da geet et Richtung d’Küst. Nees zu Ounagha, eng 15 Km virun Essaouira gesi mir e Camping deen eis gefält. Et ass 16:00 Auer a mir decidéieren hei ze iwwernuechten. Et ass Samschdeg a Sonndes ass och ëmmer e risege Wochemaart zu Rad-Draa, 5Km vun Ounara ewech seet den Här vum Camping.

Zu Néng an en Taxi fir 7 gequëtscht fuere mir Sonndes dohin. Déi richteg marokanesch Ambiance erliewe mir do. Um Camping bleiwe mir dräi Nuechten.

IMG_2147 (2)
IMG_2145 (2)
IMG_2152 (2)
IMG_2153 (2)
IMG_2156 (2)
IMG_2159 (2)
IMG_2162 (2)
IMG_2165 (2)
IMG_2170 (2)
IMG_2171 (2)
IMG_2172 (2)
IMG_2180 (2)