Et geet dem Enn sou ......

Ëmmer nach laanscht d’Küst Richtung Norden. Kleng Dierfer wéi Sidi Yssahak, Safi an Oualidia a wonnerbar Stränn wéi Bouzerktoun an d’Plage Bhaiba mat esou léiwe Begéinungen

Plage Bhaiba
Plage Bhaiba
Speziell Fëscherboter
Speziell Fëscherboter
De Said a seng Equipe
De Said a seng Equipe
Klenge Strandrestaurant
Klenge Strandrestaurant
Am Duerf Sidi Yssahak
Am Duerf Sidi Yssahak
Camping mat Pool leider net geheitzt
Camping mat Pool leider net geheitzt
Mam Trakterschlauch op den Tëntefësch
Mam Trakterschlauch op den Tëntefësch
Coole Restaurant beim Camping
Coole Restaurant beim Camping
Ëmmer nees schéin!
Ëmmer nees schéin!

Um Wee op Safi, d'Héichbuerg vum "Töpferhandwerk". Hei ginn och déi gréng Dachzille gemaach fir d'Moscheen, d'Palais'en an d'Koranschoulen.

Esou gëtt hei nach op de Felder geschafft.
Esou gëtt hei nach op de Felder geschafft.
Komme mir do laanscht?
Komme mir do laanscht?
An d'Bomi hëlt dat Klengt mat op d'Feld.
An d'Bomi hëlt dat Klengt mat op d'Feld.
Am Atelier mat vill Erklärungen.
Am Atelier mat vill Erklärungen.
Klengen Duerfkierfecht.
Klengen Duerfkierfecht.

Oualidia eisen nächste Stopp ass eng ganz beléifte Stad um Atlantik wou vill Marokkaner hir Vakanz verbréngen. Am Summer sinn d'Temperaturen hei vill méi agreabel. Um Strand kann een Austeren, Riesekraben an all Zorte vu Fësch iessen. De Moment ass et hei zimmlech roueg a wonnerschéin.

IMG_2414 (2)
IMG_2373 (2)
IMG_2400 (2)
IMG_2396 (2)
IMG_2383 (2)
IMG_2405 (2)

Um 5 Auer an der Nuecht ass eis den Deckel vun der Gasplack explodéiert. E frëndlechen Däitsch/Marokkaner ass direkt mat eis am spéide Moie bei de Schräiner gang an deen huet eis eng provisoresch Plack gemaach fir

50 Dirham! 

Weider fuere mir Richtung Casablanca (Casa wéi d'Marokkaner soen) mat engem Stopp zu El Jadida, an der Zäit eng portugisesch Stad.

D'Cité Portugaise, zënter 2004 UNESCO Weltkulturierwen, gi mir dann och besichen.

Moschee Hassan II zu Casablanca
Moschee Hassan II zu Casablanca
Ënnert der Moschee sinn d'Reim wou déi Gleeweg sech wäschen
Ënnert der Moschee sinn d'Reim wou déi Gleeweg sech wäschen
Schéine Park vun der Lique Arabe
Schéine Park vun der Lique Arabe
Muhammad V Square
Muhammad V Square

An zum Schluss nach gesot dass vun dem berüümte Film "Casablanca" keng eng Zeen zu Casablanca gedréit ginn ass. Och de "Rick's Café" ass et just zu Hollywood ginn. E Restaurant gëtt et deen esou heescht no bei der Medina zu Casa. Vläicht eppes fir Nostalgiker.

 

Vu Casablanca ass et nëmmen e Kazesprong bis Rabat. Hei hu mird’Gléck op engem Parking direkt bei der Medina an dem Zentrum eng Plaz ze kréie wou mir och iwwer Nuecht bleiwe kënnen. Dovu profitéiere mir a ginn owes an e spuenesche Restaurant « Casa Josée » iessen. Rabat ass d’Haaptstad an eng vun de Kinnekstied. Si huet eis am beschte gefall vun alle grousse Stied.

Am Gespréich mam Waasserverkeefer.
Am Gespréich mam Waasserverkeefer.
Fleesch um Wee an d'Medina!
Fleesch um Wee an d'Medina!
Musée d'Art moderne et contemporain
Musée d'Art moderne et contemporain
Mausolée Mohammed V
Mausolée Mohammed V
Tour Hassan
Tour Hassan
Bab Oudaya
Bab Oudaya
Rondgang Bab Oudaya
Rondgang Bab Oudaya
Rondgang Bab Oudaya
Rondgang Bab Oudaya
Vue vun Oudaya
Vue vun Oudaya

Mehdiya Plage bei Kénitra ass eisen nächste Stopp. Um Camping sinn eng dose Camper obschonn d’Infrastruktur immens gutt ass. Mega waarm Dusche mat Waasserdrock hate mir bis elo nach ni !!!!! Plage ass flott mat enger Strandpromenad wou vill Marokkaner spadséieren. Et ass Sonndeg a mir verbréngen ee relaxen Dag mat vill Sonn.

Méindes geet et mat frëscher Energie a flotten Impressioune weider Richtung Norden.

Mehdiya Plage
Mehdiya Plage

Bootsausflug an der Lagune Merdja Zerga

Ronn Honnert Kilometer virun Tanger läit Larache. 1911 war hei den Haapthafe vum spuenesche Protektorat wat natierlech de Grond ass dass vill Gebaier am spuenesch-mauresche Kolonialstil gebaut sinn. Och de Boulevard la Corniche an de Grand Café de Lixus huet eis gutt gefall. Et gëtt ëmmer méi europäesch !

E gudden Orange Jus an da lass....
E gudden Orange Jus an da lass....
Ëmmer prett!
Ëmmer prett!
Grand Café de Lixus
Grand Café de Lixus
D'Entrée vun der Medina
D'Entrée vun der Medina
Nach ëmmer speziell!
Nach ëmmer speziell!