The End

Véier Kilometer vu Larache sinn d’Rechter vun der anticker Stad Lixus, déi 42 n.Chr. un d’réimesch Räich ugegliddert gin ass, onst Ziel.

Bis an d’5. Joerhonnert war Lixus eng Handelsstad wou ënner anerem déi wierzeg Fëschsauce « Garum » hiergestallt gouf. Salz, Oliven a Wäin hunn och zu de wichtegsten Exportgidder gehéiert.

No dëser interessanter Visitt fuere mir weider op Asilah wou mir déi ganz schéi Medina besichen an och e Liquor Shop fannen !

IMG_2812 (2)
IMG_2816 (2)
IMG_2819 (2)
IMG_2820 (2)
IMG_2824 (2)
IMG_2825 (2)

Haut ass effektiv d’Wieder net esou gutt, ganz vill Wand an e bëssche Reen. Géint Mëtteg kläert et awer op mee de staarke Wand bleift. Um Programm steet d’Grott vum Hercule (hei huet laut der griichesch-réimesche Mythologie den Hercule sech ausgerout nom Sig géint de Ris Antäus). Säit 1920 sinn an der Grott Muelsteng ofgebaut ginn. Haut kann een d’Spueren nach gesinn.

Duerno fuere mir op de Cap Spartel a kënnen do de restauréierte Liichttuerm besichen. Am Restaurant iesse mir nach e  Couscous a um Parking ass et erlaabt ze schlofen. Um 24:00 Auer klappt de Parkingwächter a gëtt eis nach den Ticket....Ordnung muss sinn!!

IMG_2837 (2)
IMG_2838 (2)
IMG_2849 (2)
IMG_2850 (2)

Och d'Kaméile mussen emol raschten

Eis lescht Statioun ass Tanger, eng modern Stad mat, wéi soll et anescht sinn, enger flotter Medina an enger Kasbah déi eis gutt gefält. 

IMG_2878 (2)
IMG_2875 (2)
IMG_2892 (2)
IMG_2897 (2)
IMG_2904 (2)
IMG_2907 (2)
IMG_2909 (2)

E Sonndeg (19.2.2023) fuere mir nach déi lescht 25 Kilometer op marokkaneschem Buedem fir e Méindeg de Moien d’Schëff ze huelen zréck a Spuenien op Algiceras.


Eis huet et immens gutt gefall a Marokko a mir komme bestëmmt nach emol zréck. D’Leit hunn eis ëmmer léif empfang an eis gehollef wou si konnten. Doduerch dass mir mam Camper ënnerwee sinn si mir oft richteg bei de Leit ! Et muss  een awer och soen dass d’Liewen hei net esou einfach ass wéi bei eis a vill Mënschen mat ganz wéineg mussen eens ginn. Wann ech un all déi Leit denken déi ech mat hirem Iesel mat oder ouni Kärche gesinn hunn da gëtt mir richteg waarm ëm d’Häerz. Dat einfacht Liewen huet mech richteg beréiert a mech oft nodenke gedoe wéi gutt ech et hunn a mech awer alt emol bekloen !!


MERCI fir déi schéin Zäit……… a bis geschwënn