Mallorca

Den 8ten Oktober si mir relax zu Lëtzebuerg fortgefuer fir de 15ten Oktober zu Valencia de Ferry op Palma ze huelen. D’Idee ass fir Mallorca mam Camper ze maachen.

De Wee iwwert Troyes, Massiac, Saint Gaudens bis op Cambrils a Spuenien war gemittlech a sonneg. No bei Valencia, zu Benissa, verbrénge mir nach zwee wonnerschéin Deeg mam Gaby a Gérard bis mir dann de Ferry huelen. 

Stopp zu Murat
Stopp zu Murat
Schéi Plaz zu St.Gaudens
Schéi Plaz zu St.Gaudens
Vu Pinedo gesäit een den Hafe vu Valencia
Vu Pinedo gesäit een den Hafe vu Valencia
Um Wee...
Um Wee...
Schéi Bucht zu Benissa
Schéi Bucht zu Benissa
Herrlech....
Herrlech....
E schéine Moment mam Gaby
E schéine Moment mam Gaby
Dat muss een üben...
Dat muss een üben...
Relax zu Moraira
Relax zu Moraira
Cité des Arts zu Valencia!
Cité des Arts zu Valencia!

Zu Palma komme mir moies ganz fréi un. Et ass nach alles zou a mir drénken emol gemittlech Kaffi am Camper. E klengen Androck kréie mir vu Palma wéi mir duerno e bëssi derduerch spadséieren. Mee eng Visitt vu Palma loosse mir eis fir méi spéit a maachen eis op de Wee an de Norde Richtung Pollença op en offizielle Camping mat fënnef Plaze wou mir e puer Deeg bleiwen an d’Géigend mat der Vespa erfuerschen.

De Camping ass rustikal mat e puer Hénger an engem rosenen Hunn dee moies schonn um 6:00 um Dill ass !! Mee de Kurt an d’Ruth sinn immens léif an et ass alles do wat e brauch. Mallorca huet praktesch keng Campinger.

No engem flotten Tour bis bei de Cap de Formentor en Dënschdeg si mir e Mëttwoch op Alcudia gefuer. Owes maache mir nach e Stopp an dem schéinen Hafe vun Pollença deen eis esou gutt gefällt.

Hei ze fuere mat der Vespa ass richteg Freed. Mat de ville Velo'en kënnt ee mat der Vespa awer gutt virun. D'Stroosse si ganz gutt a mir kommen ouni Problemer all Col erop an erof. En Donneschdeg steet de Santuario de Lluc mat engem interessante Museum op eisem Programm.

IMG_2515
IMG_2825
IMG_2822
IMG_2829
IMG_2835

No engem leschten Owend zu Pollença am Hafe verloosse mir d’Ruth an de Kurt Richtung Palma. An der Nuecht huet et vill gereent mee elo hu mir Sonn a Wolleken, genau richteg fir eng Stad. Mir fannen eng top Plaz am Hafen a kënnen zu Fouss d’Alstad vu Palma besichen. Owes iesse mir am Hafen….zimmlech cool…

Sonndes geet et weider an den Hafe vu Sóller, eng richteg schéi Bucht mat Restaurant’en, Bar’en a klenge Butteker. Mir hunn eng Plaz direkt beim Hafen iwwert eis App « Park4night » kritt. Hei ass et esou schéin dass mir decidéieren e puer Deeg ze bleiwen.

Am Hafen zu Sóller
Am Hafen zu Sóller
Wanderung bis bei de Far del Cap Gros
Wanderung bis bei de Far del Cap Gros
mat engem Refugi del Muleta
mat engem Refugi del Muleta
Mat Zug op Sóller déi imposant Kierch kucken
Mat Zug op Sóller déi imposant Kierch kucken
an duerch d'Stad trëppelen...
an duerch d'Stad trëppelen...
..net ze vergiessen ... den Apéro!
..net ze vergiessen ... den Apéro!

Vu Soller aus maache mir en Tour mat der Vespa iwwert Deià, Valldemossa, Esporles an zréck op Soller. Mir sinn esou frou d’Vespa dobäi ze hunn.

Donneschdes fuere mir da weider op Camp de mar, Andratx a Peguera am Süden. Do ass zimmlech starke Wand. Et ass de leschten Owend direkt beim Mier. Zu Peguera fanne mir och eng roueg Plaz fir ze schlofen.

Déi lescht zwee Deeg verbrénge mir zu Llucmajor an der Wäigéigend bei enger spuenescher Koppel mat zwee klenge Kanner an zwee léif Hënn. Si hunn e puer Stellplazen. Immens idyllesch. Hei kënnt och nees eis Vespa an d’Spill. Llucmajor-Algaida-St.Eugénia-Santa Maria-Binissalem-Llucmajor. Mat enger gudder Paella zu Santa Maria. Wonnerschéi Géigend mat klengen Dierfer wou ee ka Wäi kafen a probéieren. Mat der Vespa hu mir just kaf !!!

IMG_3032
IMG_3024
IMG_3014
IMG_3018
IMG_3010
IMG_3029
IMG_3019

Méindes verloosse mir Mallorca nees mam Ferry vu Palma aus op Valencia. Et war eng schéin Zäit hei mee schwiereg fir Camper. Et gëtt keng richteg Infrastruktur, keng offiziell Stellplazen a just een offizielle Camping beim Ruth a Kurt. Déi grouss Hôtelchaînen hunn hei d’Soen…… »all inclusive» Schued !!

D’Traverse ass ouni Problem a mir komme géint 20:30 um Camping Valencia un. Moies maache mir eis fréi op de Wee. Mir hu wéi esou oft decidéiert iwwert d’Schwäiz ze fuere well mir da kënnen e puer Frënn do gesinn déi mat eis d’Corona Zäit a Costa Rica verbruecht hunn. Fënnef Etappe léie virun eis bis an d’Schwäiz mat e puer Stoppen déi mir onbedéngt wëlle maachen.

Zweete Stopp zu Saint Emilion beim Wënzer Arnaud Jacquemeau, Famill Dupuy an der fënnefter Generatioun … mat Degustatioun an engem gudden Iesse beim Chai Pascal zu Saint Emilion wou d’Mme.Dupuy eis gefouert huet well keen Taxi ze kréie war. Fir zréck hate mir awer en Taxi mee bis deen eis fonnt huet huet et e bëssi gedauert….


Drëtte Stopp zu Saint Genis Laval bei Lyon (no 576 Km) mat engem kuerzen Tëschestopp bei der Ferme Andrevias zu Sorges déi all Produit’e vum Süd Ouest vu Frankräich maachen…..Confit d’oie, Pâté, Foie gras etc. Chrëschtdag steet jo virun der Dier !!

Véierte Stopp an der Schwäiz zu Sutz nach bei schéinem Wieder och wann et kal ass mat klenger Wanderung bei de Bieler Séi.


Fënnefte Stopp zu Kleinandelfingen bei TARTARUGA wou d’Janette wärend e puer Deeg Vierträch iwwert d’Panamericana hält. Zu Flurlingen  beim Restaurant Frohsinn hu mir owes e flott Iesse mam Janette an e puer Frënn vun eise Reesen a konnten och do um Parking schlofen.


Sonndes  geet et vive heem…….MERCI fir d’Eraluussen an eise Site.

Bis geschwë fir deen nächsten Tripp dee schonn an der Preparatioun ass.....wouhin gitt dir méi spéit gewuer.