Méindes,de 15ten Abrëll, reese mir a Mexico a wat kee grousse Problem ass. Beim Geldwiessel wollten si eis beduxe mee d’Janette hat eis gebrieft ! Ni een eleng Suen ziele loossen….et ass schonn emol e 50$ Schäi beim ziele verschwonn. No zwou Stonnen hu mir et gepackt an hunn eng temporär Erlabnis fir de Camper a Mexico vun 10 Joer !! Wat eis erméiglecht Enn dës Joers zréck ze kommen an d’Baja de California ze maachen……mol kucken !

Déi éischt Nuecht verbrénge mir relax zu Chetumal fir da weider op Paamul (Playadel Carmen), eng flott Stellplaz um Mier bei engem Ressort wou och vill Amerikaner hir Camper fest installéiert hunn, ze fueren. Dobleiwe mir dräi Deeg. Bacalar Festung, Cenoten an d’Mayastätte vun Tumul stinn um Programm. Och huet d’Janette e Cocktail Owend organiséiert.

Tulum
Tulum 3
Tulum 2
Playa del Carmen

Vun der Playa del Carmen fuere mir queer duerch d’Land an de Bundesstaat Yucatàn op Pisté wou mir iwwernuechten. Zu Cobá gi mir déi grouss Pyramid kucke fir dann nach zu Valladolid duerch d’Stad ze spadséieren. Owes huet d’Janette eis eng Cenote Ik Kil gebucht fir eis ganz eleng ! E Genoss bei permanente 35-40Grad. Anormal soen d'Mexikaner.

Moies geet et ganz fréi d’archeologesch Anlach vu Chichén Itzá kucke mat engem däitsche Guide. Celestún ass eist Ziel fir Owes. Direkt um Mier, Camping Villas del Mar. Celestún ass bekannt fir seng rosarout Flamingoen déi zu Honnerten am Waasser stinn. Eng Bootstour vun 2 Stonne bréngt eis dohin. Fir zréck fuere mir duerch Mangroven an dat ass ganz flott.

Chichén Itza
Chichén Itza 3
Chichén Itza 2
IMG_5089
IMG_5103
IMG_4577
IMG_4586
IMG_4575
IMG_5130

Oft schlofe mir bei engem Restaurant oder op engem Parking vun enger Maya-Anlach. Esou och haut an zwar zu Uxmal. 25.000 Leit sollen hei gelieft un an deen eenzegen Herrcher deen aus den Aschrëffte bekannt ass ass de Chaak. Eng immens flott Anlach déi och zënter 1996 zum UNESCO Weltkulturierwe gehéiert. Niewendrun ass eng Lodge déi huet e grousse Pool a mir däerfen dee benotze wat bei dësen Temperature super ass. E Bar gëtt et och wou mir owes zu puer e gudde Cocktail drénken.

No der Visitt geet et weider op Campeche

Campeche
Campeche
Calle 59 zu Campeche (Restaurant a Bistro)
Calle 59 zu Campeche (Restaurant a Bistro)
D'Kierch zu Campeche
D'Kierch zu Campeche
Ënnerwee op Isla Aguada
Ënnerwee op Isla Aguada
Mëttespaus
Mëttespaus

Haut geet et weider op Isla Aguada an et ass den 23ten Abrëll. Mir si schonn e Mount mat der Grupp vum Janette ënnerwee. Well mir esou léif opgeholl gi sinn offréiere mir den Owend en « Absacker ». Si hunn natierlech och all d’Proufzäit mat Bravour ofgeschloss. Gin Tonic, Musek an Danz….wéi an alen Zäite beim Silena !

Zu Palenque huet et eis nees getraff……. An der Nuecht vum 24ten ass eis nei Fënster op der Bäifuerersäit explodéiert. Mir kënnen et all net gleewe wéi mir moies gesinn. D’Janette huet et an der Nuecht héiere géint 23 :00 Auer. E mega Knall seet hat. Et ass direkt gelaf komm a wéi et gesinn huet wat geschitt asshuet et och gemierkt dass mir geschloff hunn a näischt mat kritt hunn. Hat huet eis emol schlofe gelooss. An der Nuecht sicht d’Janette nach am Internet a fënnt zwou Firma’en deenen hat déi éischt Fotoe geschéckt. Mir sinn an engerRegioun wou et net vill grouss Atelier’e gëtt a mir sinn all net ganz optimistesch.

Géint 9:00 Auer koum en Här vun der Firma Parabrisas Castillo an huet professionell gemengt « Plexiglas » Mir ginn him d’Suen (6500 Pesos) fir eng Plack kafen ze goen an d’Saach leeft…….10:00 Auer am Atelier Castillo an um 15:30 si mir schonn um Wee bei d’Cascaden Roberto Barrios, eis Iwwernuechtungsplaz. Hei gi mir ongedëlleg vun allen erwaart ! Eng Ofkillung no dem Stress ass genial !! Eis Fënster ass elo hallef Glas an hallef Plexiglas, mee bon wann et hält.

Et war e lëschtegen Absacker.
Et war e lëschtegen Absacker.
Voilà
Voilà
Cascades Roberto Barrios
Cascades Roberto Barrios

Freides fuere mir bei d’Cascaden Agua Azul an der Chipias Regioun. Si gehéieren zu de spektakuläerste vun dëser Regioun wou mir och ëmmer kënnen dra goen.

Chiapas Regioun ass eng vun den äermste Géigenden hei a Mexico. D’lescht Joer waren hei vill Onrouen an et konnt een net op San Cristóbal fueren. Dëst Joer ass kee Problem. Et ass roueg a mir villen eis eigentlech gutt. Vun Agua Azul bis dohi sinn et nëmmen 160 km …. mee mir brauche 5 Stonne fir dës Streck. De Grond sinn déi vill « Topos » Bampere wéi mir soen oder schlofend Polizisten. Anscheinend 464 Stéck. Ech hunn se net gezielt awer fir eise Camper ass dat guer net gutt. Zu San Cristobal bleiwe mir dräi Nuechten a verbrëngen e schéinen Owend an der Stad an en Ausfluch op zwee kleng Dierfer ronderëm.

Kierch zu San Cristobal
Kierch zu San Cristobal
Folklor op der Maartplaz
Folklor op der Maartplaz
Eng farweg Hochzäit am freien
Eng farweg Hochzäit am freien
An der Fousgängerstrooss zu San Cristobal
An der Fousgängerstrooss zu San Cristobal
Kierch zu Zinacantán
Kierch zu Zinacantán
Trachten
Trachten
En héichgestallte Geeschtlechen
En héichgestallte Geeschtlechen
Kierche si schéi gerecht
Kierche si schéi gerecht
An nach eng Hochzäit
An nach eng Hochzäit
Um Kierfecht sin d'Kräizer ëmmer zur Sonn gestalt
Um Kierfecht sin d'Kräizer ëmmer zur Sonn gestalt

No dräi flotter Deeg verloosse mir San Cristóbal Richtung Tuxtla Gutiérrez. Nobäi läit de NP Cañon del Sumidero. Am Nomëtteg maache mir do eng Bootstour duerch de Cañon mat engem Schnellboot (60Km/Stonn). Et ass eng Schlucht déi duerch seng gigantesch héich Fielsekliffe bekannt ass. Bis zu 1000Meter héich sinn d’Fielsen an d’Schlucht ass 25 Meter laang. Zum Schluss ass de Stauséi vum Rio Grijalva. An d’Waasser géif ech hei net goen, och bei 38 Grad déi mir haten, well et huet Krokodillen. An zimmlech grousser.

Mëttwochsfuere mir weider Richtung Veracruz a kommen an de Staat Tabasco iwwert

« cuota » d’Autobunn. Zu La Venta, en Uert dee schonn 1200 v.Chr.bestan huet a säin Héichpunkt ëm 800-400 v.Chr. hat,  maache mir e Stop a ginn de Musée vum Zeremonialzentrum vun den Olmeken kucken. Déi grouss Käpp a Skulpture sinn aus Buedem an Toun gemaach. Mir kënnen och hei schlofen um Parking vun der Anlaach. Et ass schrécklech warm!

IMG_4892
IMG_4911
IMG_4900
IMG_4923
IMG_4945
IMG_4946
IMG_4950

Zu Veracruz sti mir op engem flotte Camping direkt beim Mier. Owes mécht d’Janette mat eis eng Visitt vun der Stat mat engem gudden Iessen. Wéi mir zréck op de Camping kommen hu mir nees eng net esou cool Iwwerraschung. Déi aner Säit vun eiser Fënster ass och explodéiert. "Jamais deux sans trois" soen d’Fransousen. Bon mir huelen et méi relax wéi déi leschte Kéier an d’Janette sicht direkt een deen se ersetzt mat Plexiglas ….. natierlech ! De Betrib kënnt net esou iwwerzeegend eriwwer mee si kréien et awer hin. Leider dauert et vun 9 :00 bis 17 :00 Auer a mir mussen nach bis an d’Nuecht fuere fir de Grupp ze treffen zu Cholula/Puebla (310Km). D’Janette ass natierlech bliwwen de ganzen Dag an zesumme packe mir dat och ! Hat ass einfach net ze toppen!

Moies si mir natierlech frou dass mir duerchgefuer sinn. Eis Fënster hält och wann et e bëssi rareent. Dat fléckt de Rob, eisen hollännesche Frënd vum Grupp, mat Silikon an extra Pechband !

Puebla gefält eis ganz gutt. Eng zwou Millioune Stad mat kolonialem Flair. Puebla läit op 2.200 Meter an engem Dall ëmgi vu féier Vulkanen. D’Stad steet schonn zënter 1987 op der UNESCO Lëscht vun de Weltkulturierwen. Déi gréisste Firma ass d’VW-Wierk mat 16.000 Aarbechter. Ronderëm den Zócalo spillt sech dat ganz mexikanescht Liewen of. Musek, Danz, Terrassen etc. Do probéiere mir och e Plat dee "mole poblano" heescht. Verschidden Sauce mat Fleesch, Poulet oder Canard. Et ass och eng mat Schockola dobäi.

IMG_5046
IMG_5071
IMG_5052
IMG_5051
IMG_5049
IMG_5078
IMG_5084
IMG_5081

Cholula ass eng ganz schéi kleng Stad mat 150.000 Awunner. Wuel dass de 05te Mee e Feierdag ass, ass och hei immens vill lass, genau wéi zu Puebla. Déi gréisste Pyramide vun der westlecher Hemisphäre ass hei zu Cholula. Si war dem Gott Quetzalcoatl gewidmet an ass ënnert engem risegen Hiwwel verstoppt. Cholula huet iwwert 45 Kierchen. Mir ginn déi giel Kierch kucken déi +/- op 200 Meter läit.Vun hei kann een och de Vulkan Popocatépetl gesi bei deem mir Muer den Owendschlofen. Um Maart maache mir och nach e Stopp a kafen e puer Ieswueren an.

IMG_5106
IMG_5107
IMG_5144
IMG_5149
IMG_5148
IMG_5143

Wéi mir beim Popocatépetl op 3.680 Meter ukommen ass en déckt Donnerwieder an et reent immens vill. Eis Fënster ass net dicht a mir versiche mat Dicher dat schlëmmst ze verhënneren. Am Nomëtteg hält et op an et gëtt dréchen. De Rob ass prett mat sengem staarke « Klebeband » an tüftelt nach e bësschen un der Fënster. Mol kucken op se beim nächste Reen dicht ass. Nom Briefing gëttet natierlech e klenge Pättchen op de Popocatépetl dee lëschteg dämmt ! Moies hu mir bei schéinem Wieder super Fotoe konnte maachen.

Leiderhu mir och nach e Problem mat der Heizung well hei op 3600 Meter hätte mir se nawell gär ugemaach fir waarm Waasser ze hu fir d’Dusch. Affaire à suivre !

Zwee Deeg verbrénge mir zu Teotihuacan (d’Sonnen-a Mound Pyramid). Mat engem Guide kënne mir zu Fouss dohi goen an den Dag drop fléie mir mam Ballon iwwert de Site. Owes gëtt et e gudde Buffet mat folklor Danz.

IMG_5318
IMG_5284
IMG_5234
IMG_5271
IMG_5250
IMG_5373
IMG_5356
DSC_4673
IMG_5377
IMG_5395

E klenge Bemol ass dass hei ëm Mexico City d’Touristen net ëmmer däerfe fueren. Dat war eis bekannt, net awer dass si de Krees méi grouss gemaach hunn an e puer vun eis sinn ugehal ginn. 10.000 Pesos (600 €) wollt d’Polizei hu mee d’Janette huet se dann op 1500 Pesos erofgehandelt. Jo si wëllen hir Pai e bësschen opbesseren. D’Nummeren déi mat 1 an 2 endegen duerften een Dag guer netfueren. Do ware mir dobäi an d’Janette huet eis eng Route gesicht déi ronderëm déi Zone geet. Leider keng Autobunn esou dass mir fir 102 Km 5 Stonne gebraucht hunn. Gefillten 1000 Topes op der Strooss !