Panamericana fir zweet.....

    2019 hu mir eis op de Wee gemaach fir dem Jang säi grousse Wonsch ze erfëllen, d'Panamericana mam Camper ze fueren. Et ass dat eng legendär Route vun Argentinien/Buenos Aires bis Amerika/Prudoe Bay. 

Mir si bis Costa Rica komm am Abrëll 2020 .... du koum "Corona" a mir hu fënnef Méint an deem wonnerbare Land verbruecht fir schlussendlech awer Heem ze kommen. D'Grenze sinn einfach net opgaang.

   Elo véier Joer méi spéit hu mir d'Chance mam Janette, eisem Guide vun deemools, d'Panamericana vu Costa Rica aus bis an Amerika weider ze fueren. (Costa Rica, Nicaragua, Honduras, Guatemala, Mexico, USA)

     Ob mir bis op Prudoe Bay fuere steet nach an de Stäre mee eent ass sécher eis Aventure gi weider an ech hoffen dir/du sidd/bass och iwwert mäi Site dobäi. Ech géif mech freeën!

Den 31te Januar ass

d'Schëff "Morning Lily" zu Zeebrugge mat eisem Camper u Bord a Richtung Panama ausgelaf. Ukomme soll et de 17te Februar.

Pünktlech de 17te Februar ass d'Schëff zu Manzanillo/Colon ukomm a mir wéi virgesinn den 22ten.  

De Camper aus dem Hafen huele brauch ewéi ëmmer e puer Stonnen. Eisen Agent hëlleft eis duerch déi verschidde Büro'en. Leider musse mir feststellen dass de Navi ausgebaut ginn ass. Mir hunn awer en Ersatz dobäi esou dass dat eis net weider stresst. 

Déi éischt Woch verbrénge mir zu Panama am Radisson Hotel Panama Canal,  dee wéi de Numm et seet, direkt um Canal läit. Hei hu mir elo genuch Zäit Diesel, Gas a Waasser ze tanken. Panama gëtt och nach visitéiert an de 29te fuere mir da Richtung Costa Rico.

Vu Panama aus fuere mir an den El Valle de Antón wat eng ganz flott Plaz ass wou e ka Wanderunge maache fir Päiperleken ze gesinn. Hei schlofe mir. Do gëtt och et eng Fondatioun déi sech ëm eng Zort Fräsche bekëmmert (La Rana Dorada - och golden flog genannt), déi virun e puer Joer duerch eng Champinionskrängt bal ausgestuerwe waren. Dat gi mir kucken a maachen en Don mat eiser Entrée !

Weider geet et op d'Playa Las Lajas a bleiwen zwou Nuechten. Et ass e super Beach wou mir scho viru 4 Joer waren. Einfach nëmme schéin.

IMG_4450
IMG_4452
IMG_4484
IMG_4471
IMG_4463
IMG_4474

Den 3te Mäerz maache mir eis op de Wee Richtung COSTA RICA !!! Mir fueren am Norden iwwert d’Grenz an treffen do Janette an de Kari op der Playa Chiquita. De Kari war an eisem Grupp 2019/20 an ass do hänke bliwwen. Hien huet en Haus gebaut « La Villa Selva Luna » a wunnt elo zënter 2 Joer do.

No dräi ganz schéiner Deeg beim Kari a Janette, wou mir extrem gutt verwinnt gi si, fuere mir weider op Punta Uva an.

Haiser aus Stréi um Wee...
Haiser aus Stréi um Wee...
a lanscht Banane Plantagen
a lanscht Banane Plantagen
Mam Tuck Tuck op Puerto Viejo, Costa Rica
Mam Tuck Tuck op Puerto Viejo, Costa Rica
D'Haus vum Kari läit am d'Jungel wou Brëllafen..
D'Haus vum Kari läit am d'Jungel wou Brëllafen..
an Ara'e liewen.
an Ara'e liewen.
Plage Puerto Viejo.
Plage Puerto Viejo.

Punta Uva gefält eis esou gutt dass mir do dräi Nuechte bleiwen. Samschdes kommen d’Costa Ricaner mat « Kind und Kegel » op d’Plage. Voll beluede mat Killboxen, Dëscher, Still an natierlech de Gasgrill. Flott Ambiance !


Sonndes fuere mir da weider bei de Vulcan Turrialba deen op 3300 Meter läit. D’Strooss soll asphaltéiert sinn. Bis déi lescht 30Km war et ok du koum « gravel road » an zum Schluss war et katastrophal. 5Km an der Stonn konnte mir nach fueren. Bei der Lodge Turrialba, op 2686 Meter, wëlle mir schlofe mee déi ass zou. Un d’zréck fueren ass net ze denken an eng Plaz virum Gitter mëscht et och. Belount gi mir mam Vulcan ouni Wolleken an der schéiner Owessonn.


De Wee zréck ass genau esou schlëmm mat vill Jeep’en déi erop fuere fir an de Felder ze schaffen. No dräi Stonne si mir nees op enger gudder Strooss a fuere bei de Mirador de Quetzales wou mir mat engem Guide dës schéi Vulle wëlle kucken. A mir hunn och wierklech Gléck se ze gesinn.

no comment
no comment
no comment
no comment
Vulcan Turrialba
Vulcan Turrialba
Ëmmer schéi Blummen um Wee
Ëmmer schéi Blummen um Wee
De Mirador de Quetzales
De Mirador de Quetzales
Hei ginn et och Kolibri'en
Hei ginn et och Kolibri'en
an natierlech de schéine Quetzal
an natierlech de schéine Quetzal
Herrleche Sonnenopgang hei uewen op 2400 Meter
Herrleche Sonnenopgang hei uewen op 2400 Meter

En Dënschdeg hate mir wierklech Päsch. E grousse Steen huet eis Fënster getraff um Wee op San Jose! Flécken ass net méiglech an et muss eng nei agesat ginn. Hei a Costa Rica gëtt et keng esou grouss a mir froe scho bei eisem Händler zu Saarbrécken no ob si eis kënnen eng mat DHL schécken.

D’Janette gëtt wéi ëmmer net op a fënnt eng Firma zu SJO déi Fënsteren ersetzen « Parabrisas Vitemca » a mëscht direkt e RV fir den Dag drop um 8 :00.

Déi staunen net schlecht wéi mir do ukommen an diskutéiere wat ee ka maachen. Esou eng grouss Fënster kënnen si mat hirer Machinn net fabrizéieren. Also entsteet d’Idii aus enger grousser zwou hallef Fënsteren ze maachen. Keng Anung wéi dat geet. Witzeg ass och dass si 10 Fënstere mussen hu fir dass produzéiert gëtt. De Moment hunn si der 6. D’Equipe fänkt awer direkt un de Kader ze maachen a mir stinn hei de ganzen Dag. De Proprietär kënnt och am laf vum Dag an ass ganz interesséiert vu wou mir sinn a wou eis Rees higeet. Den 22te Mäerz soll déi nei Fënster fäerdeg sinn. Dat wär formidabel well de 25ten treffe mir op eise Grupp beim Silena. Wann dat klappt bestätegt dat eis nees wéi onkomplizéiert d’Leit hei sinn a wëlle manuell schaffen.

Hei ass de Misär...
Hei ass de Misär...
... e puer Mose gi geholl...
... e puer Mose gi geholl...
... de Kader muss gebéit ...
... de Kader muss gebéit ...
... an zesumme geschweest ginn ...
... an zesumme geschweest ginn ...
... dann ass de Kader fäerdeg ...
... dann ass de Kader fäerdeg ...
... an déi genau Mos fir d'Glas gëtt nach geholl...
... an déi genau Mos fir d'Glas gëtt nach geholl...

Zwee Deeg bleiwe mir nach zu SJO an da fuere mir bei den Arenal Séi a bleiwen am « stand by » bis d’Fënster agesat ka ginn.

E klenge Stopp zu Fortuna wou mir iwwerrascht si vun de villen Touristen, Butteker a Restaurant’en. Zu Coronazäite war déi Stad jo och ausgestuerwen.

Et ass wierklech flott nees hei um Arenal Séi ze sinn……och wann et zäiteweis vill Reent. De Stefan seet et wär net normal a si hate virun e puer Woche ganz héich Temperaturen esou dass de Reen der Natur awer gutt deet.

De Moment si mir bis op zwou Koppelen déi eenzeg Gäscht a mir bleiwen natierlech méi laang wéi virgesi beim Silena ! Och léiere mir d’Eva kennen dem Stefan a Glenda seng Duechter vu bal zwee Joer.

E Besuch vun de Paradise hot Springs war och dobäi. Den 20te maache mir eis op de Wee fir SJO mat engem Stopp zu Orotina wou mir bei enger Finca kënne schlofen. Zu SJO gi mir nach an de National Museum of Costa Rica an dann ass et esou wäit……..mir kréien eis nei Fënster !!!

Coole Camping zu Fortuna.
Coole Camping zu Fortuna.
E Coati (mat wäisser Nues)
E Coati (mat wäisser Nues)
An e Fauldéier am Bam iwwert eis.
An e Fauldéier am Bam iwwert eis.
Pizote (Nasenbär) um Wee.
Pizote (Nasenbär) um Wee.
Ukomm......
Ukomm......
Gemiddlechen Owend mam Silena.
Gemiddlechen Owend mam Silena.
Paradise  hot Springs
Paradise hot Springs
Museo National....
Museo National....
...mat Päiperleck Gaard
...mat Päiperleck Gaard
Bei der Finca....
Bei der Finca....
...mat e puer Déieren.
...mat e puer Déieren.
"Voilä"
"Voilä"

Mir si schonn um 6 :45 op der Grenz ukomm well jo Ouschteren ass a mir gesot kruten dass vill Leit dowären. Dat war awer net de Fall a mir si gutt vun engem Guichet an deen anere komm. D’Janette huet eis gutt gebrieft a mir hunn all Ziedele versuergt déi mir kritt hunn. Bei zwee Camper hu se d’Walkie Talkie’e konfiszéiert. Eis ware gutt verstaut an et huet och kee gefrot ! No zwou Stonne ware mir a Nicaragua. E schéint Land mat léiwe Leit awer leider mat engem strenge Regimm. Hei sinn och keng Festivitéite fir Ouschteren. Et si keng Versammlunge mat ville Leiter laabt. D’Alstad vu Granada ass UNESCO Weltkulturierwen a mir verbréngen do zwou Nuechte mat vill Ambiance well d’Leit vun Ouschtere profitéieren a Vakanz maachen. Mir sti beim Lago de Nicaragua och Lago Cocibolca genannt.

Sonndes geet e scho weider Richtung Esteli iwwert d’Haaptstad vun Nicaragua, Managua. De Parque Nacional Volcan Masaya kënne mir net besiche well en zou ass. De Vulkan brodelt an et ass ze geféierlech. Vun Esteli fuere mir schonn an Honduras mee dovun erzielenech iech bei der nächster Kéier.

Alles gesammelt
Alles gesammelt
At the Beach
At the Beach
Granada
Granada
Nach schnell d'Batterie vun der Auer ersetzen
Nach schnell d'Batterie vun der Auer ersetzen
En Tour mat der Kutsch
En Tour mat der Kutsch
Bis an d'Zigarettefabrik
Bis an d'Zigarettefabrik
An Owes nach en Tour mam Boot
An Owes nach en Tour mam Boot
Managua am Hafen
Managua am Hafen
Managua
Managua

D’Areesen an Honduras ass méi laang a komplizéiert wéi a Nicaragua. Mee och hei hu mir gedollt an hunn et no 4 Stonne gepackt. Honduras ass eent vun den ärmste Länner op der Welt. Déi äermste Leit musse mat 1,5 Dollar/Persoun den Dag auskommen. D’Populatioun besteet zu gréissten Deel aus jonke Leit. Den Highlight sinn natierlech d’Ausgruewunge vun de Maya « Copan » déi säit 1980 zum UNESCO Kulturierwe gehéiert.

Schued ass dass iwweral immens vill Dreck op de Stroosse leit obscho mir ëmmer d'Leit gesinn d'Poubellen eidel maachen.

Um Wee op Copan
Um Wee op Copan
schlofe mir nach bei engem schéine Waasserfall
schlofe mir nach bei engem schéine Waasserfall
Copan
Copan
Am Tunnel ënnert enger Pyramide
Am Tunnel ënnert enger Pyramide

De Grenziwwergang a Guatemala war wierklech ustrengend. Mir ware mat déi éischt do a sinn als allerlescht erausgefuer. Eis Pabeiere sinn ëmmer nees ënnert en anere Koup gerutscht. D’Personal war guer net organiséiert, warscheinlech well mir als Grupp do ukomm sinn. Schlussendlech huet et iwwert 4 Stonne gedauert. Zu Chiquimula hu mir awer nach e gemittlechen Owend verbruecht beim Pool.

Vu Chiquimula bis Antigua sinn et just 210km mee mir hu missen duerch Guatemala City fueren an hu bal 8 Stonne gebraucht. D’Stad ass komplett iwwerlaascht mat Autoe, Busser, Tuck Tuck’en an natierlech Motorrieder !!!! Deel weis konnte mir just mat 30km d’Stonn fueren.


Antigua mat 35.000 Awunner ass och Weltkulturierwen. Schéi kolonial Haiser, vill kleng Restaurant’en a Geschäfter. Vun eiser Stellplaz (bei enger Finca Santa Isabel, déi Hochzäiten organiséieren) gesi mir op d’Vulkanen Agua, Acatenango a Fuego. De Vulkan Fuego ass nach aktiv a mëscht vill Damp. Hei konnte mir och ons Wäsch ofginn !! Mir bleiwen zwou Nuechten.

FMMA9993
CMPF5852
IMG_4056
IMG_4874
IMG_4027
IMG_5010
IMG_4878
IMG_4861
IMG_4063

Méindes fuere mir um 6 :00 fort Richtung Rio Dulce (315km) a mussen nees duerch Guatemala City !! Ënnerwee maache mir e Stopp bei der Mayastätte Quiriguá, wou mir déi bis zu 10 Meter héich stenge Sailen an immens grouss zoomorphen Steeskulpturen (mythologesch Déieren) kënne bewonneren. Seid 1981Weltkulturierwen. Zu Rio Dulce verbrénge mir flott Zäit an enger Marina matguddem Restaurant an enger Bootstour. Booter si jo mäin Dada !


Et ass nach ëmmer immens waarm an um Wee op Tikal erreeche mir d’Temperature bis 45 Grad. Einfach ze vill. Eis Stellplaz ass am NP vun Tikal a mir bleiwen zwou Nuechten. Tikal ass 1948 entdeckt ginn an zënter 1955 op fir de Public. 1979 ass Tikal Weltkulturierwe ginn.

IMG_4244
IMG_4211
IMG_4255
IMG_4257
IMG_4250
IMG_4261
IMG_4266

Belize war fréier eng englesch Kolonie an elo ass et en onofhängegt Land. Et ass flott dass mir eis emol nees kënnen ouni Problemer mat de Leit ënnerhalen op englesch. Déi éischt Nuecht verbrénge mir am Mountain Pine Ridge Reserve, e 430 Quadratmeter grousse Kieferbësch. Direkt vun eiser Stellplaz kënne mir bei de Waasserfall Big Rock Falls goen an do schwammen. Eng gutt Erfrëschung.

Déi zweet an déi drëtt Nuecht verbrénge mir zu Belize City an der Marina a maache Sonndes eng Schnorcheltour op verschidde Siten. E super Erliefnis !

IMG_4283
IMG_4299
IMG_5057
IMG_4295
QKSI1659
FJTD4037
QKND5981
BNAME7707
IMG_4303