Schottland

Déi lescht Wochen hu mir missen e puer Reparaturen um Camper maachen. Nei Pneuen huet e kritt a bei der Revisioun ass erauskomm dass d'Servoslenkung huet missen ersat ginn. 130.000 Km hu mir elo scho gemaach banne fënnef Joer.

Den Ëmwandeler (deen duerch eng Iwwerspannung vum Elektresch a Marokko net méi funktionéiert huet) ass kontrolléiert ginn. Vill kleng aner Saache verbessert repektiv erneiert ginn. 

Elo si mir nees Startkloer a maachen eis op de Wee a Schottland fir e puer Wochen.

Den 13ten Mee bréngt de Ferry eis vu Rotterdam op Hull. Schonn déi Zäit um Ferry mécht eis Freed well mir immens gär op Schëffer ënnerwee sinn.

Mir hoffen dir sidd nees dobäi bei eisen Aventuren a freeën eis op all "coucou" dee mir kréien.

Bei schéinem Wieder fuere mir gemittlech op Rotterdam an checken beim P&O Ferry an. Dëse Car Ferry ass wierklech vu ganz gudder Qualitéit a mir verbrénge schonn e relaxen éischten Owend vun eiser Rees a Schottland. No enger roueger Nuecht komme mir gutt ausgeschlof um 8 :00 zu Hull un.

Vun Hull fuere mir op Berwick upon Tweed. Duerch Zoufall fanne mir do ee vun de schéinste Campinger déi mir jee haten, den Ord House Country Park, mat engem flotte Bar wou mir no deem laangen Dag kënnen e bëssi relaxen.

D’Küstestrooss, déi mir den Dag drop fueren, ass wonnerschéi bis op North Berwick wou mir kënne fräi mat Vue sur mer iwwernuechten.

IMG_3081 (3)
IMG_3083 (3)
IMG_3095 (3)
IMG_3100 (3)
IMG_3113 (3)

Zréck op Edinbourgh well ech d’Luedgerät vum Fotoapparat vergiess hunn a bei Canon e neit kafen a mir al Pënner wollte wiesselen déi mir vun der leschte Rees nach hunn. Dat war net esou einfach well mir mussen e Kont opmaache bei der Bank. Geet awer net …. mir si jo keng Englänner !!!! Mee mir hu Gléck a falen an engem Poste Büro op eng Madamm Sandra, déi aus Sirien kënnt, awer schonn 15 Joer a Schottland lieft. Si sëtzt eis Suen op hire private Kont a gëtt eis cash zréck !! Mega léif !!!


No bei Roslin besiche mir d’Rosslyn Chapel, wou och Zeene vum Dan Brown sengem Da Vinci Code gedréit gi sinn. 40 Joer huet et gedauert bis se fäerdeg war. Leider därfe mir net dobanne fotograféieren. Méi spéit nach en Halt am Traquair House an duerno zu Melrose ze schlofen. Leider konnte mir d’Abbey hei net besiche well déi restauréiert gëtt.

D'Schlass vun Edinbourgh
D'Schlass vun Edinbourgh
Rosslyn Chapel
Rosslyn Chapel
Traquair House
Traquair House

Bis elo hu mir immens Chance mam wieder. Kee Reen an tëschent 15-20 Grad. E Sonn a Wolleke mix! Christi-Himmelfart fuere mir nees schnell op Ostküst wou mir d'Fife Coastel Road fueren. Zu Dalgety kënne mir nach d'Forth Rail Bridge bewonneren. Si ass weltwäit déi gréisste Bréck aus Stol. Léif kleng Dierfer duerchfuere mir bis op Elie wou eng flott Stellplaz um Mier mat vill Gléck op eis ward. Et si just 4 Plazen do.

IMG_3157 (2)
IMG_3131 (2)
IMG_3155 (2)
IMG_3165 (2)
IMG_3177 (2)
IMG_3174 (2)
Hei bleiwe mir zwee Deeg.....
Hei bleiwe mir zwee Deeg.....
Am Fëschermusee zu Anstruther.
Am Fëschermusee zu Anstruther.
Pittenweem
Pittenweem
Op der Promenade
Op der Promenade
Mat der Vespa geet dat tip top
Mat der Vespa geet dat tip top
D'Rechter vun der Cathedral zu St.Andrews
D'Rechter vun der Cathedral zu St.Andrews
St. Andrews
St. Andrews
Mmmmh!
Mmmmh!

Weider geet et an de Norden......mee dat gesitt dir dann d'nächst Woch. Elo ass och fir eis emol Weekend!