Richtung Norden

Vu Stonehaven fuere mir iwwer Aberdeen an de National Park "Braemar". Schonn Strooss A93 war e renge Spaass ze fueren. Ech hat deen Dag Fuerdéngscht.....e Genoss duerch déi gréng Bëscher a flott kleng Dierfer ze fueren.

Zu Crathie maache mir e Stopp fir d'Balmoral Castle kucken ze goen. Et ass d'Summerresidenz vu de Royals déi ëmmer am August heihi kommen. Natierlech däerfe mir just Ausstellungen am grousse Sall, de restauréierte Päerdsställ an déi wonnerschéi Parkanlag besichen.

Hei klamme se iwwert d'Leeder an d'Boot
Hei klamme se iwwert d'Leeder an d'Boot
Schéi Promenade zu Stonehaven
Schéi Promenade zu Stonehaven
Balmoral Castle
Balmoral Castle
The Fife Arms, Hotel mat vill Konscht...
The Fife Arms, Hotel mat vill Konscht...
...an enger cooler Bar
...an enger cooler Bar

Zu Braemar bleiwe mir zwou Nuechten a maachen Dënschdes eng schéi Wanderung laanscht de Floss "Dee", de "Linn of Dee Trail".

IMG_3268 (2)
IMG_3272 (2)
IMG_3277bis
IMG_3271 (2)
IMG_3257 (2)
IMG_3266 (2)

Mëttwochs wëlle mir eis d’Fyvie Castle ukucke wat ganz schéi soll sinn. 120 Kilometer stinn um Programm. Mir fueren iwwert « Highland Tourist Road » a genéissen déi wonnerbar Géigend. Géint 13 :00 maache mir eng Paus am Kildrummy Inn dee mega gutt ass. Eng flott Ambiance am schottesche Styl. Wéi mir da beim Fyvie Castle ukomme kréie mir gesot dass en « ausnamsweis » zou ass well eng Hochzäit ass ….. de Schampes steet scho prett …. awer net fir eis !!

Meng léif Mamm sot ëmmer « et ass net alles esou schlecht dass et net fir eppes anescht ka gutt sinn ». Wéi esou oft sollt dat och dës Kéier stëmmen. Effectif verbrénge mir e schéinen Owend bei wonnerbarem Wieder um Caravan Park zu Turriff a gi Muer de Castle kucken.

D'Schotten hunn Humor
D'Schotten hunn Humor
Ballater
Ballater
River Dee
River Dee
Kildrummy Inn
Kildrummy Inn
Camping Turiff
Camping Turiff
Léif Visitt
Léif Visitt
IMG_3316 (2)
IMG_3323 (2)
IMG_3321 (2)
IMG_3320_Fyfie Castle (2)
IMG_3340 (2)
IMG_3339 (2)
IMG_3347 (2)
IMG_3348 (2)

Freides fuere mir iwwert de « Coastal Trail West « dee vu Fraserburgh Richtung Inverness verleeft. Bis hannert Findochty ass et eng wonnerschéi gréng/giel Küstestrooss. Zu Mactuff gi mir nach de Marine Aquarium besichen a gesi wéi hei Baby Shark’s an der « Maternité » opgezu ginn.

IMG_3353
IMG_3380
IMG_3392
IMG_3373
IMG_3384
IMG_3378
IMG_3377
IMG_3376

D’Wieder ass nach ëmmer schéin och wann de Wand mat Momenter frësch ass. Dat ass ebe Schottland. Och profitéiere mir dass hei d’Sonn jo eréischt géint 22.00 Auer ënnergeet an et schonn um 5 :00 Moies hell ass. Flott laang Deeg bei top Wieder.

Mir fuere weider an de Norde mat engem Stopp zu Inverness wou mir och « Fort George » besichen. D’Caravan Park’s, déi mir vun Zäit zu Zäit ufueren, sinn top equipéiert mat schéine Stellplazen.

IMG_3398 (2)
IMG_3409 (2)
IMG_3412 (2)
IMG_3433 (2)
IMG_3434 (2)
IMG_3441 (2)
IMG_3453 (2)
IMG_3421 (2)

Zu Dornoch et ganz gemittlecht Duerf bleiwe mir zwou Nuechten a fuere mat der Vespa op

« Dunrobin Castle ». 

IMG_3464 (2)
IMG_3465 (2)
IMG_3561 (2)
IMG_3560 (2)
IMG_3550 (2)
IMG_3520 (2)
IMG_3478 (2)

Um Wee musse mir ëmmer nees stoe bleiwe fir déi verschidden Déieren an Ausblécker ze bewonneren.


E Mëttwoch fuere mir op der Nord Coast 500 (Tourist road) bis op de nord/östlechste Punk vum Festland. Ëmmer begleet vum « Gorse » eng Zort Gënz deen am Fréijoer bléid. Déi ganz Küst ass bekannt duerch seng Klippen, Tölpelen, Papageientaucher an aner Vullenzorten. Zu John O’Groats sinn e puer Gift Shop’s an eng kleng Brauerei kann ee besichen. Op Orkney kënnt ee mam Passagéier Ferry.

IMG_3577 (2)
IMG_3594 (2)
IMG_3584 (2)
IMG_3583 (2)
IMG_3592 (2)
IMG_3613 (2)John
IMG_3619 (2)John

Nord Coast 500 geet da weider bis op déi westlech Säit erof bis op Ullapool wou mir da Freides ukommen. D’Stroossen « Single Track Roads » si schmuel an erlabe maximum 30km/h. All puer Meter si riets a lenks « Passing Place’n » wou ee muss erafuere fir den Auto deen entgéint kënnt laanscht ze loossen. Mir kommen nëmme lues weider wat natierlech bei dëse schéine Stränn, Buchten, klengen Dierfer, Natur a super Wieder nëmme vu Virdeel ass.

Plage mat wäissem Sand....
Plage mat wäissem Sand....
Kylesku Bridge
Kylesku Bridge
Esou schéi Vue...
Esou schéi Vue...
Schéine Sonnenënnergang zu Ullapool.
Schéine Sonnenënnergang zu Ullapool.

De Jang huet nach e « Knifemaker » entdeckt an do fuere mir e Samschdeg mat der Vespa hinn. Zu Ullapool wou mir méi laang stinn ass all gudde Restaurant ausgebucht mee mat Gléck kréie mir nach en Dësch fir Samschdes Owes, « Fish & Ships » ass ugesot !!