Vum Norde geet et nees méi Richtung Süden

De Wee vun Ullapool bis op Applecross war eng formidabel « Single Track Road » bei herrlechem Wieder.

IMG_3796 (2)
IMG_3791 (2)
IMG_3802 (2)
IMG_3826 (2)
IMG_3825 (2)
IMG_3840 (2)
IMG_3852 (2)
IMG_3859 (2)
IMG_3855 (2)

Weider geet et Richtung Süden. Moies ass et ëmmer e bëssi bedeckt mee géint11 :00 Auer kënnt d’Sonn eraus, wéi all Dag !!! Mir hunn einfach mega Chance mam Wieder. Och d’Schotte selwer si begeechtert ! Zu Dornie gi mirnach d’Eilean Donan Castle besiche wat 1911 vum Colonel John Macrae déi Zäit als Ruin opkaf ginn ass. Wärend 20 Joer ass et nees opgebaut ginn.

IMG_3867 (2)
IMG_3878 (2)
IMG_3894 (2)
IMG_3892 (2)
IMG_3886 (2)
IMG_3898 (2)

Eigentlech wëlle mir op d'Inselen Islay a Jura a fueren iwwert Oban op Tarbert wou mir kënnen de Ferry huelen. Ha Ha!! Has de geduecht....ausgebucht fir 2-3 Méint. Emol net mat der Vespa wär et méiglech gewiescht. Islay ass bekannt fir seng 8 Distillerie'en ..... Whisky natierlech!! Schnell hu mir ëmdisponéiert a fuere Muer weider op Kintyre.

Hei awer nach e puer Andréck vum Dag vun haut!

IMG_2046 (2)
IMG_3908 (2)
IMG_3915 (2)
IMG_3920 (2)
IMG_3921 (2)
IMG_3923 (2)

D'Idee fir op d'Hallefinsel "Mull of Kintyre" ze fuere war eng vun de Beschten a mat der Vespa komme mir iwwerall hinn. Si ass wonnerschéin mat vill Natur a wat eis opfält sin hei vill ganz grouss Baurebetriber (Ranner a Schof). Wise mat bis zu honnert Schof!

Schonn de Paul Mc Cartney huet dës schéin Hallefinsel schonn 1977 besongen an huet hei mat senger Fra Linda a senge Kanner op senger Farm gewunnt.

IMG_3929 (2)
IMG_3959 (2)
IMG_3964 (2)
IMG_3967 (2)
IMG_3949 (2)
IMG_3972 (2)
IMG_3971 (2)
IMG_3975 (2)
IMG_3976 (2)
IMG_3985 (2)
IMG_3992 (2)
IMG_3997 (2)
IMG_4003 (2)
IMG_4008 (2)

No der schéiner Zäit zu Mull of Kintyre fuere mir weider Richtung Stirling. Awer net ze schnell. Zu Inveraray maache mir e Stopp a ginn dat schéint Schlass vum 13ten Duke of Argyll kucken. Schlofen och do, bei enger Gäertnerei, a maache Samschdes en Ausfluch op Killin. Et sinn immens vill Leit ënnerwee well d'Wieder esou formidabel ass mat 22,5 Grad.....a Schottland!!

IMG_4015 (2)
IMG_4018 (2)
IMG_4020 (2)
IMG_4023 (2)
IMG_4024 (2)
IMG_4030 (2)
IMG_4033 (2)
IMG_4035 (2)
IMG_4045 (2)

Am National Park Loch Lomond bleiwe mir e puer Deeg a schlofen ëmmer op verschidde Plaze wéi "Luib", "Strathyre". De nächste Stopp ass Stirling wou mir och wëllen zwee Deeg bleiwen. D'Wieder ass esou schéin dass mir an dësem Eck nach e bëssi bleiwen a verschidde gréng/giel Route fueren.

IMG_4051 (2)
IMG_4064 (2)
IMG_4065 (2)
IMG_4058 (2)
IMG_4068 (2)
IMG_4075 (2)

D’Schlass zu Stirling soll ee jo kucke goen obwuel et eis net esou gutt gefall huet wéi anerer mee d’Geschicht ass natierlech interessant. Mat der Vespa ass et och net wäit vun eisem Camping zu Blair Drummond.

IMG_4082 (2)
IMG_4087 (2)
IMG_4099 (2)
IMG_4101 (2)
IMG_4105 (2)
IMG_4111 (2)
IMG_4125 (2)
IMG_4127 (2)

Den zweeten Dag fuere mir zréck op Stirling fir nach Verschiddenes an der Stad ze kucken. Ënner anerem den Old Town Jail an d’Church of The Holy Rude. Grouss Iwwerraschung !! Hei gëtt et eng Informatioun op Lëtzebuergesch !!

Vundo aus kënne mir och d’Buerg vun « Doune »kucke goen.

IMG_4164 (2)
IMG_4166 (2)
IMG_4175 (2)
IMG_4180 (2)
IMG_4188 (2)

Mir verlängeren hei a fuere Mëttwochs op Callandar a ronderëm deen eenzege Lake a Schottland, de Lake of Menteith wou et « Reebow a Brong Forelle » gëtt. Ech géif jo gären emol nees fësche mee och hei ass nëmmen « Fly fishing » erlaabt an och nach just aus engem Boot. Mir sinn eben am « Loch Lomond & The Trossachs NP » Mee hei ass et wonnerschéin !

IMG_4190 (2)
IMG_4201 (2)
IMG_4204 (2)
IMG_4225 (2)
IMG_4229 (2)
IMG_4217 (2)