The End

Och eis Rees a Schottland geet elo no 5 Wochen op en Enn. Zu Falkirk maache mir nach e Stopp fir déi eenzeg « Lift Schleiss » op der Welt ze kucken. The Falkirk Wheel hieft Booter +/- 30 Meter vum Forth & Clyde Canal an den Union Canal. Impressionnant ! Och The Kelpies si formidabel. Zwee Päerdskäpp (30 Meter) déi vum Andy Scott kreéiert gi si kënne mir am Helix Park bewonneren.

Duerno verloosse mir Schottland a verbréngen nach e schéinen Dag zu Bamburgh mat der leschter Buerg déi mir natierlech besichen. Si huet eng Geschicht vun 3000 Joer. D’Famill Armstrong, déi d’Buerg nees lues a lues opgebaut huet, ass nach haut Proprietär.

IMG_4251 (2)
IMG_4270 (2)
IMG_4273 (2)
IMG_4281 (2)
IMG_4282 (2)
IMG_4264 (2)
IMG_4293 (2)
IMG_4297 (2)
IMG_4298 (2)
IMG_4312 (2)
IMG_4310 (2)
IMG_4315 (2)
IMG_4316 (2)
IMG_4320 (2)

York, mat enger grousser autofräier Alstad, ass eis lescht Statioun virun dass mir Méindes den 19te Juni de Ferry huelen zréck op Rotterdam.

Et war eng vun de schéinste Reese mat esou vill schéinen Andréck wou natierlech och d’Wieder enorm gutt matgespillt huet…..


MERCI fir är léif Coucou’en, déi eis ëmmer vill Freed maachen !!