Panamericana

D’Panamericana ass eng Schnellstrooss déi  Alaska mat Ushuaia (Feuerland) verbënnt.  Bis op e klengt Stéck bei Panama ass déi Strooss komplett befuerbar.

Scho virun zwee Joer wollte mir dës Rees maachen, wat awer dunn aus teschneche Grënn net méiglech war.

Elo ass et awer esou wäit, d’Abenteuer geet un!, a mir si voll an der Preparatioun fir dëst Joer an zwar am Oktober ze starten.

Dat héiert sech elo nach esou laang un mee et si vill Saachen ze klären an ze organiséieren. Eise Camper geet de 16te September op d’Schëff zu Zeebrugge a gëtt mat enger japanescher Reederei op Buenos Aires an den Hafen Zarate bruecht.  Vun do geet eis Aventure lass a mir wäerte 6 Méint a Südamerika ënnerwee si bis mir no ongeféier 12-14  verschidde Staaten an 30.000km zu Tombstone am Arizona ukommen. Dësen Deel maache mir awer net eleng mee mat anere Camper an engem Guide. Mir kenne verschidde Leit well mir schonn zesumme Süd Afrika gemaach hunn.

Dann ass et awer fir eis nach net eriwwer well mir nach weider wëllen duerch Amerika fueren. Dësen Deel maache mir awer op eis. Viraussiichtlech si mir e Joer on Tour bis Oktober 2020.

Mat zwee Pneuen a Solarzelle si mir gutt equipéiert.

Gutt verpack am Hafen zu Zeebrugge

Op der "Wisdom Ace" ënnerwee. Laut eiser App ass d'Schëff den 18ten Oktober am Hafen zu Zarate un komm 🙂

Eis Rees geet dann elo de 7ten November lass a féiert eis ongeféier 17 Wochen duerch Südamerika, 5 Wochen  duerch Mëttelamerika an 3 Wochen duerch Mexico bis mir dann op der amerikanescher Grenz zu Nogales ukommen.

No engem relaxe Vol vu Lëtzebuerg iwwert Frankfurt si mir scho fréi, Dënschdes, zu Rio de Janeiro ukomm.

Rio huet 12.000.000 Awunner. Dovunner liewen e groussen Deel an de Favelars (Baracken déi an d’Bierger gebaut sinn). Eise Guide huet eis verzielt dass z.B. déi räich Kanner e ganzen Dag an d’Schoul kënne goen an déi aarm Kanner nëmmen 4 Stonnen. Déi Kanner hunn net vill Chance herno op eng Uni ze goen well se einfach net dat Wëssen hunn wéi déi räich Kanner. Vill Leit schlofen och einfach op der Strooss.

Um 10:00 si mir schonn op der Copacabana laanscht Mier getrëppelt bei 30 Grad. Vun der Copacabana si mir iwwert Plage vun Ipanema an dee selwechte Véierel spadséiert. Owes stoung nach emol Copacobana um Programm mat natierlech engem gudde Caiperinia.

Dënschdes Corcovado a Mëttwochs den Zockerhutt (Açucar) mat Nomëttes engem Besuch bei enger Sambaschoul.

Copacabana
Copacabana
Um Maart zu Ipanema
Um Maart zu Ipanema
Corcovado
Corcovado
Zockerhut
Zockerhut
An der Sambaschoul
An der Sambaschoul

Vue op den Zuckerhut vum Corcovado aus....

Den éischten Dag hu mir d’Waasserfäll op der brasilianescher Säit besicht. Einfach impressionnant.

Eisen Hotel ass direkt um Dräilännereck op der brasilianescher Säit.

D'Waasserfäll sinn am National Park vun Argentinien a Brasilien. Fir déi Argentinesch Säit fiert e mat engem klengen Zuch an de Park a mëscht dann de Rescht zu Fous. Och dat war e flotten Trail duerch de Bësch.  

An och nach mam Boot ganz no bäi..
An och nach mam Boot ganz no bäi..

An och nach mam Boot ganz no bäi..


An och nach mam Boot ganz no bäi..


An och nach mam Boot ganz no bäi..

Herno ware mir all plätsch naass
Herno ware mir all plätsch naass

De Nasenbär ass e freche Gesell. Emol kucke wat d'Madamm am Kuef huet….

an da séier op de Bam de Kichelchen iessen.

Déi zwee Deeg zu Buenos Aires hunn eis gutt gefall a mir hu vill Neies gesinn. Mir ware jo am Dezember 2018 schonn emol hei. De 7te war et esou wäit a mir sinn um 7:30 an den Hafen Zarate gefuer fir de Camper ofzehuelen. Net vergiessen dass mir a Süd Amerika sinn. Um 17.00 Auer hu mir däerfen aus dem Hafe fueren nodeems dass si och nach um Schluss mat den Drogenhënn a verschidde Camper gaange sinn. E puer Camper vermësse verschidde Saache wéi Kleeder, Handwierksgeschir. Bei eis ass de Gasadapter geklaut ginn, soss war awer alles ok. 

De Quartier La Boca

Porto Maduro

En alen Theater als Bibliotéik

Owes um 19 :00 Auer si mir zimlech geschlaucht zu Areco um Camping Club River Plate ukomm. Nach eppes an d’Duerf iesse gaang, e bëssche geraumt an du schlofen. Den Dag drop ass nëmmen de Camper ageraumt an de Frigo gefëllt ginn. Hei ass de Moment en traditionellt Duerffest wat ganz flott ass. Gauchoen déi mat hire Päerd Rennen a Formatioune reiden.

An der Nuecht huet et onmoosseg gereent a mir sinn am Bulli stieche bliwwe mam Camper. Mol kucken op mir e Méindeg selwer nees erauskommen oder Hëllef brauchen. De Noper deen huet sech awer schonn ugebuede wann et net geet. Deen huet en décke 4x4.  

Parilla à gogo...
Parilla à gogo...
Wëll Päerd um Fest
Wëll Päerd um Fest
Zwee Cooler mat Baskeberet
Zwee Cooler mat Baskeberet

Parilla à gogo...

Schein Dänz beim Ëmzuch
Schein Dänz beim Ëmzuch

De Campingstrakter huet eis Moies erausgezunn a vill aner och !! Weider geet et op Azul wou mir ënnerwee nach d’Basilica Nuestra Senora vu Lujan besicht hunn.

Basilica Nuestra Senora